Arabeschen Elektro-Pop markéiert der Natasha Atlas an hirem Laangzäit Museker-Kolleeg, Geiist a Komponist Samy Bishai, hire gemeinsamen Album “Parallel Universe, Vol. 1”, Disk deen am Juni erauskoum.
Geniert vun der Soul, dem Gospel an R&B ass den Titel “Father” vum Belsch-Marokkanesche Museker Jaouad Alloul, kuerz als Jaouad bekannt.
“This Is How We Walk On The Moon” ass en Indie-Folk-Cover vum schweedesche Singer-Songwriter José González. Den Track erfënnt de Klassiker aus dem Joer 1982 vum Arthur Russel nei.
“Guernica Jigsaw” e Spoken Word Indie-Folk Track vum britteschen Trio LYR, ass dëst Joer als Single erauskomm a spéider um Album “Dark Sky Reservation”. LYR ass en interessanten Trio zesumme gesat aus dem Poet Simon Armitage, dem Produzent Patrick J. Pearson an dem Singer-Songwriter Richard Walters.
Mir entdecken déi atmosphäresch nei Single “Staircase To The Moon” vum zu Brooklyn baséierten Indie-Duo Elysian Fields, en attendant dass si hiren neie Studio-Album fäerdeg agespillt hunn.
Fléissend matenee verwieft sinn Ambient Electronics, West-Afrikanesch Rhythmen a keltesch Melodië bei Afro Celt Sound System hirem “The Path”.
“Void Loop” ass en Track vum zu Parais baséierte Produzent a Museker Stefan Vogel, bekannt als Birrd. Ambient an atmosphäresch ass definitiv seng Ënnerschrëft. Millioune mol ass dëse Song gestreamt ginn.
PLAYLIST:
01. 2fox - Tomorrow (feat. Afronaut Zu)
02. Natasha Atlas & Samy Bishai - Wana Leih
03. Jaouad - Father - Messias
04. José González - This Is How We Walk On The Moon
05. Elysian Fields - Staircase To The Moon
06. LYR - Guernica Jigsaw
07. Green Moon Tribe - City Wok (feat. Lorcan Fahy, Téo Crommen, Lucas Deru, Antoine Dawans, 08. Antoine Rotthier & Thierry Crommen) - Tribe
09. Adam Ben Ezra - Can’t Stop Running
10. Afro Celt Sound System - The Path - Flight
11. Asna - Atalaku
12. Birrd - Void Loop
13. Alon Abouboul - Potion of Love
14. Abraham Fogg - Le Vol des Sorcières
15. Jan Verstraeten - Vampire In My Bed