2011 koum d'Anthologie "Golden Beirut - New Sounds from Lebanon" eraus mat Artiste vun der jonker Generatioun, déi es genuch hate mat der Politik, dem Krich an dem reliéise Wansinn. D'Zäitfënster vum Opschwong sollt net laang undaueren, wéi mir wëssen. D'Anthologie "Golden Beirut - New Sounds from Lebanon" gouf deemools vum Ethnomusikolog a Journalist Thomas Burkhalter zesummegestallt.
Dem kurdesche Sänger a Multiinstrumentalist Rusan Filiztek säin Häerz schléit och fir de Flamenco. Um Album "Zêr-Av" erfuerscht hien zesumme mam Flamenco-Gittarist François Aria déi anatolesch an andalusesch Traditiounen.
Mulatu Astatke & Black Jesus Experience ass eng kreativ Partnerschaft, déi den traditionellen Ethio-Jazz mat Funk, Hip-Hop an Jazz-Groove matenee verbënnt. "To Know Without Knowing" ass en Disk, deen a kenger gudder Diskographie feelen däerf!
"Groove in G" ass en Track vum Multimedia-Projet Playing For Change, zesummegesat aus Stroossemuseker an internationalen Artisten, ze fannen op der Anthologie "Putumayo Presents African Blues".
Dem Lawson Rollins säin Album "Dark Matter: Music for Film" ass en atmosphäreschen Instrumental-Album mat filmesche Klanglandschaften, akustesche Gittaren, Synthien, Geien a Flütten.
"Where Did You Go Wrong, My Love" vum Trio The Good Ones ass e Lidd, wou e Papp d'Suergen ëm seng Duechter ausdréckt. Déi akustesch, minimalistesch Harmonien aus Ruanda sinn duuss, ënnerstëtzt vum subtille Gittar-Spill vum Nels Cline (Wilco).
Den 3. Studioalbum "Jama Ko" aus dem Joer 2013 vum Bassekou Kouyaté a seng Band Ngoni Ba ass och den Ausdrock vum Wonsch no Fridden. Den Titel bedeit op Bambara "a big gathering of people" an ass e musikaleschen Opruff fir Fridden, Unitéit an Toleranz wärend der politescher Kris am Mali vun 2012.
Playlist:
01. Soap Kills - Herzan - Golden Beirut - New Sounds from Lebanon
02. Rusan Filiztek & François Aria - Ya Ayn Mulayiitayn - Ez Kevokim - Zêr-Av
03. Playing for Change - Groove in G - Putumayo Presents African Blues
04. Mulatu Astatke & Black Jesus Experience - A Chance to Give - To Know Without Knowing
05. Mádé Kuti - Different Streets - Legacy +
06. loran Velia - Jean-philippe - Seksion Maloya
07. Lawson Rollins - Passageway - Dark Matter: Music for Film
08. Kayhan Kalhor & Toumani Diabate - The Sky Is the Same Colour Everywhere - The Sky Is the Same Colour Everywhere
09. The Incompetents - Disposable Valentine - Golden Beirut - New Sounds from Lebanon
10. The Good Ones - Where Did You Go Wrong, My Love (feat. Nels Cline) - Rwanda, You Should Be Loved
11. Bassekou Kouyate & Ngoni Ba - Poye 2 (feat. Taj Mahal) - Jama Ko
12. Eric Bibb - Free (feat. Habib Koité) - Ridin'