arrow_back_ios

One World

Radioprogramm / One World

/ On the Road

On the Road

Lauschteren play_arrow
headphones

54 min

"From Kaboul to Bamako” ass e Projet ronderëm d’Situatioun vun de Refugiéë vum Paräisser Ethio-Jazz-Ensembel Arat Kilo zesumme mat Museker aus verschiddene Kulturen.


Tëscht Indien a Frankräich, beweegt sech sech dem franséischen Jazz-Batteur Stéphane Edouard säin Album "Pondicergy Airlines". Och hei komme vill Influenzen zesummen, Indien ass awer de Kär ronderëm deen déi aner musikalesch Inspiratiounen dréinen.


“Di duusste Stëmm aus dem Reggae” esou ass de jamaikanesche Singer Songwriter Bim Sherman och nach genannt ginn. Den Album "Miracles" ass en Disk deen an Indien entstan an zu Bombay opgeholl ginn ass, wou de Sherman mat engem klasseschen Orchester collaboréiert huet.


D’"Mahala" Ep vun der Jazz-Folk Sängerin Sarah Lenka ass eng Renconter mat 3 aneren Artistinnen aus verschiddenen Kulturen; mat der NaÏssam Jalal, franséisch-syresch Flüttistin, der Awa Ly, déi senegalesesch Originnen huet an der Macha Gharibian, franséisch-Armeenesch Pianistin.


Den 9. Juli um Ghent JazzFestival ass eng gutt Geleeënheet déi englesch Tindersticks live ze gesinn, déi seelen an eise Géigende spillt, ze gesinn!


Playlist:

01. Arat Kilo, Mamani Keita, Rusan Filiztek & Siar Hashimi - Snow in Addis - Sowal Diabi (From Kaboul to Bamako)

02. Stéphane Edouard - One Last Time- Pondicergy Airlines

03. Jasdeep Singh Degun - Ulterior Motives

04. Bim Sherman - My Woman - Miracle

05. Sarah Lenka- Last Kind Words - Mahala - EP

06. Magnus Ernst - Love Is Loss - Single

07. Dez Mona - Carry On - Hilfe Kommt

08. Tindersticks - Show Me Everything - The Something Rain

09. Jumbo System & MC Miscellaneous - My Own Drum - Jumbo System - EP

10. The Specials - Wind - Protest Songs 1924 – 2012

11. The Jazz Butcher - Time - The Highest in the Land

12. Lance Ferguson - Glastonbury - Rare Groove Spectrum, Vol. 2

13. Karate Boogaloo & Danielle Ponder - Little Bit - Look Around / Little Bit - Single

14. NTO - Invisible (feat. Sofiane Pamart) [Piano Version]

Episoden

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow

Ride out the Storm

En Evergreen aus de 60er, eng post-punk Band melancholesch revisitéiert, Afobeat aus der Fela-Community an en Album iwwer d'Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt
headphones

56 min

play_arrow

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow

A Day For The Hunter, A Day For The Prey (Rediff. vum 30.12.2019)

Äthiopesch an italieenesch Museker:innen am Austausch, déi räich Musekstraditioun vun Haiti, eng Collaboratioun tëschent Westafrika a Litauen an e bësse Voodoo
headphones

56 min

play_arrow

Global and Individual

Dancy Beats begéine latino an aner Aflëss, e perséinleche Songwriting aus Liberia an zwou Neiverëffentlechunge méi am Detail
headphones

56 min

play_arrow

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow