arrow_back_ios

One World

Musek a Kultur / One World

/ Unchanging Game

Unchanging Game

Welten déi sech kräizen, arabesch Musek, Jazz an experimentell Kläng héiere mer bei der Natacha Atles & Samy Bishai hirem "Unchanging Game" ee vun den 2 Titelen déi de neien Album "Parallel Universe" ukënnegen. Hei geet et em Resistenz,Resilienz an dem Refus säi Mond ze hale géigeniwwer der Oppressioun.


Mat enger akustescher Gittare, engem melancholesche Kontrabass an enger Harmonika refletéiert de Robbie Robertson musikalesch d’Thema vum Al ginn an dem Doud, am Martin Scorsese sengem "The Irishman".


Mir entdecken "Dawn Patrol" déi nei Lead-Single vun der Brittesch-Bahraini Trompettistin Yazz Ahmed hirer neier EP "Shinrin-yoku" déi fir Enn Mee ugekënnegt gëtt.


Rodrigo y Gabriela, den entretemps bekannte mexikanesche Gittaren-Duo dee bekannt ass fir säin Energie-geluedenen, akusteschen Ausdrock mat Aflëss aus dem Flamenco, dem Rock an Heavy Metal (si hu fréier och an enger Metal Band gespillt) passéieren den 20 Mee am Atelier.


Wat mat harmonesche Kläng ugefaangen huet, endegt schlussendlech am Chaos … an esou ass et tatsächlech beim Lidd "Ralador de Pia" vu Liniker e os Caramelows, wou déi intensiv Péng no enger Trennung thematiséiert gëtt.


Playlist:

01. Natacha Atles & Samy Bishai - Unchanging Game - Parallel Universe

02. Natacha Atles & Samy Bishai - Somoud - Parallel Universe

03. Robbie Robertson - Theme for the Irishman - The Irishman (Original Motion Picture Soundtrack)

04. Yazz Ahmed - Dawn Patrol - Shinrin-yoku EP

05. 9Bach - Heno - Anian

06. Martina Topley-Bird - Soul Food - Quixotic

07. Rodrigo y Gabriela - The Eye That Catches The Dream - In Between Thoughts...A New World

08. The Limiñanas - Calentita (feat. Nuria) - Single

09. Liniker e os Caramelows & Assucena Assucena - Ralador de Pia (feat. Tulipa Ruiz & Raquel Virgínia) - Remonta

10. Toco - Samba Noir - Outro Lugar

11. Luiz Henrique - Mas Que Nada - Barra Limpa

12. Ignacio Maria Gomez - Sialah - Belesia

Episoden

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow