De Schwäizer DJ a Produzent Dominik Traub alias Dandara huet en neie Studioalbum verëffentlecht, “&Chakib” iwwerschriwwen. Hei vermëscht den Traub aka Dandara Aflëss aus Afrika, Asien a Latäinamerika. D’Iwwerschrëft vum Album “&Chakib” mécht dann och d’Ausso, datt de Schwäizer hei mam algeeresche Multiinstrumentalist a Sänger Chakib Bouzidi zesummegeschafft huet, dëst nieft anere Gaaschtinvitéen.
“Mas Que Nada” ass e Lidd, dat mer all kennen, bekannt ginn duerch de Sérgio Mendes and Brasil ’66. Mir entdecken eng lëschteg Versioun vum Luiz Henrique aus dem Joer 1967.
Och eng Neiverëffentlechung vum belsche Gittarist Quentin Dujardin ass derbäi. “Saison Orange” ass en Disk, dee vum Lee Townsend (Bill Frisell) produzéiert ass, an der Zesummenaarbecht mam Manu Katché, Nicolas Fiszman, Didier Laloy a Mathias Eick entstanen.
De Robbie Robertson huet d’Filmmusek vum Martin Scorsese sengem “The Irishman” komponéiert, ganz evokativ a ganz anescht wéi déi typesch Gangsterfilm-Museken.
Nei an e schéinen Debut ass dem Tyler Ballgame säin Album “For The First Time, Again”, deen Enn Januar via Rough Trade erauskoum. 12 Lidder tëschent classic Rock, Indie an Americana.
Dem Bob Dylan säin “Knockin' On Heaven's Door” ass e Lidd, dat hie fir de Soundtrack vum Film “Pat Garret and Billy The Kid” geschriwwen huet. Als Single 1973 verëffentlecht a weltwäit zu engem Top 10 Hit ginn.
“Dialddar”, wat esouvill heescht wéi hausgemaach: déi marokkanesch Sängerin OUM traut sech en neien Album ze verëffentleche just ronderëm hir Stëmm a Perkussioun. E Choix, deen eng technesch Erausfuerderung mat sech bréngt a gläichzäiteg en artistesche Manifest duerstellt.
Playlist:
01. Dandara, Chakib Bouzidi & Gonz Cabrera - Long Story Short - & Chakib
02. Dandara, Chakib Bouzidi & Gonz Cabrera - Pasaporte - & Chakib
03. Zé Ibarra - Da Menor Importância - AFIM
04. Luiz Henrique - Mas Que Nada - Barra Limpa
05. Quentin Dujardin - Epiphytes (feat. Manu Katché, Nicolas Fiszman, Didier Laloy & Mathias Eick) - Saison Orange
06. Robbie Robertson - Theme for the Irishman - The Irishman (Original Motion Picture Soundtrack)
07. Yann Tiersen-Shannon Wright - Dragon fly - Yann Tiersen-Shannon Wright
08. Tyler Ballgame - For The First Time, Again - Single
09. Bob Dylan - Knockin' On Heaven's Door - Pat Garrett & Billy the Kid (Remastered) [Soundtrack from the Motion Picture]
10. Wille and the Bandits - Under the Grove - Breakfree
11. Oum - Mnine (feat. Yousra Mansour) - Mnine
12. Umut Adan - Bembeyaz Cananım - Umut Adan: Bahar
13. Gaye Su Akyol - Hemşerim Memleket Nire - İstikrarlı Hayal Hakikattir
14. Nightmares On Wax - Les Nuits - Carboot Soul