Afro-venezuelanesch Perkussiounen, populär latino-amerikanesch Chanson, Influenzen aus dem barocke Repertoire, Lyrik, Jazz, Rock oder Flamenco ... en Delta wou vill Influenzen zesumme fléissen, héiere mir um Debut-Album "Río Abajo" vun der Rebecca Roger Cruz.
De Krishoo Monthieux kenne mir virun allem als Batteur vun FFF. De Museker, Produzent a Komponist originaire aus der Martinique lieft tëscht Frankräich a Spuenien. Als Krishman huet en Ugangs Januar d'Single "Touché pa Koulé" erausbruet vum Projet "Kannaval ouvè".
Seng kreolesch Racinnen sinn ëmmer present a fir Kannaval ouvè wollt en d’électro integréieren a mat der faszinanter Energie vum karibesche Karneval spillen.
Dem Peter Gabriel seng Aktualitéit "O/i" a säin Opener "(I've) Been Undone" ass e rouescht Lidd sou schéngt et, mee et werft e verbatterte Bléck op d’Liewen.
Den Text ass am allgemengen awer assoziatiounsräich a spillt mat méi Bedeitungen.
"The Great Gig in the Sky" 5ten Track um mytheschen Pink Floyd Album "The Dark Side of the Moon" mat der ergräifender Improvisatioun vun der Sängerin Clare Torry ass opgeholl ginn an engem Take heescht et! E Retour haut an d'Joer 1973 an en Album deen an d’Geschicht agaang ass.
Dry Cleaning ass eng brittesch Post-Punk-Band vu London. Beim Titel "Strong Feelings" geet et em d’Léift an em de Brexit. D’Sängerin Florence Shaw deelt mat eis hir alldeeglech Observatiounen zum Thema Identitéit, Connexioun a komplexen Emotiounen.
De Neiséilänner Mister Ott ass haut en Deel vun der lieweger Musekszeen vu Sydney. Den Album "In The Flow" mat Afro-Kubaneschen Aflëss, psychedeleschem Jazz an Dub bréngt Luucht an dës däischter Joreszäit.