De Grand Corps Malade a Richard Bohringer héiere mir an engem staarken Ausdrock, Wierder als Géigegëft géint d’Mediokritéit, Wierder, déi sech op d’Säit vun der Mënschlechkeet an der Solidaritéit rangéieren.
D’Hollänner vum New Cool Collective sinn derbäi mat der “Trippin’ Redux EP”, wou de Papp vum Afrobeat, den Tony Allen, eng leschte Kéier d’Bengelen am Grapp huet.
De Kameruner Blick Bassy mat der duusser Falseto-Stëmm lauschtere mir vum Album “1958”, en Disk an Éiere vum Ruben Um Nyobé, deen dat Joer vun de franséische Kolonialhäre gejot an ëmbruecht gouf.
De Charles Arthur Russell Jr. war en amerikanesche Cellist, Sänger, Avant-garde-Museker, Komponist a Museksproduzent. Um Album “Iowa Dream” héiere mir dëst Kand aus der Pampa vun Oskaloosa, deen d’Kläng vum Rescht vun der Welt begéint.
Fir "El tiempo for testigo" huet de spuenesche Museker Dorantes decidéiert "live" a sengem Studio opzehuelen. Hie spillt de Piano an och mol op senger Schreifmaschinn, begleet vum Kontrabass-Spiller Francis Posé a vum Batteur a Perkussionist Javi Ruibal.
Eng interkulturell Jazz-Odyssée héiere mir vum Bassist a Produzent Shay Hazan, deen duerch d’Kulture reest an d’Sprooche vum Jazz, Hiphop, der Gnawa an déi vun der Electro matenee verbënnt.
Déi franséisch-griichesch Sängerin Dafné Kritharas, déi an hirer Sprooch an och op Ladino, bosnesch, armeenesch an tierkesch sengt, héiere mir als Virgeschmaach op hire Concert den 22. Januar an der Philharmonie.
Den Tingvall Trio ass en international besaten Trio mam schweedesche Pianist Martin Tingvall, dem kubanesche Kontrabassist Omar Rodriguez Calvo an dem däitsche Batteur Jürgen Spiegel: d’Oueren danzen!
Playlist:
01. Grand Corps Malade & Richard Bohringer - Course contre la honte - Collection (2003-2019)
02. 2fox - Tomorrow (feat. Afronaut Zu) -Tomorrow (feat. Afronaut Zu) - Single
03. Mádé Kuti - Different Streets - Legacy +
04. New Cool Collective - One For Kyra (feat. Tony Allen) - Trippin’ Redux (feat. Tony Allen) - EP
05. Blick Bassy - Maqui - 1958
06. Mumbi Kasumba - Ignited - Rafiki (Original Motion Picture Soundtrack)
07. Arthur Russell - Wonder Boy - Iowa Dream
08. Dorantes - Caravana De Los Zincalis - El tiempo por testigo... A Sevilla
09. Dafné Kritharas - Irme Kero Madre - Djoyas De Mar
10. Shay Hazan - Dew - Wusul
11. Tingvall Trio - Ya Man - Dance
12. Tony Allen & Hugh Masekela - Jabulani (Rejoice, Here Comes Tony) - Rejoice