De Jean-Christophe Le Saoût, besser bekannt ënner sengem Kënschtlernumm Wax Tailor, léist op sengem Album “The Shadow of Their Suns” en impressionnante Cast vu Gaaschtmuseker zu Wuert kommen: dorënner d’Boog Brown, EMCEE a Poetin vun Detroit ...
Saxofon a Piano an engem eenzegaartegen Zesummespill erkléngen um Jason Moran & Archie Shepp hirem Album “Let My People Go”.
Ee vun den Disken, deen an all gudder Kollektioun seng Plaz misst hunn, ass dem Stéphane Edouard säi “Pondicergy Airlines”. Hei héiere mir en impressionnante Line-Up vu Museker:innen ë. a aus dem Jazz an der indescher Musek, et sinn der 20 un der Zuel an all dës Museker:inne begleeden dem Stéphane Edouard seng ganz perséinlech Geschicht ...
E Retour an d’70er bei Grateful Dead hiren “Box Of Rain” vum Album “American Beauty”. Vill vun de Grateful Dead hire Lidder vun dësem Joer 1970, dorënner och déi vum Album “Workingman’s Dead”, hunn hir Racinnen am amerikanesche Folk an an der Country-Musek.
Deen neien Album “La Maccaia” vun der Italieenerin Gaia Banfi ass eng poetesch an atmosphäresch Musek, e beréierenden Disk mat méi Texturen.
D’B-Säite vun de Vinylsplakke waren ëmmer eng spannend Geschicht, mir entdecken, déi vum Serge Gainsbourg sengem bekannte “Sea, Sex and Sun” …
Playlist:
01. Etienne de la Sayette & Renegades of Jazz - Jajinmori Renegades of Jazz Remix (Remix)
02. Wax Tailor - Shining Underdog (feat. Boog Brown) - The Shadow of Their Suns
03. Stéphane Edouard - Mother's Love (feat. Alfio Origlio, Dilshad Khan & Magic Malik) [Amma] - Pondicergy Airlines
04. Jason Moran & Archie Shepp - He Cares - Let My People Go
05. Delvon Lamarr Organ Trio - Aces - I Told You So
06. The Devonns - Blood Red Blues (Protest Song) - Blood Red Blues (Protest Song)
07. Ernest Ranglin - King Tubby Meets the Rockers - Below the Bassline
08. Grateful Dead - Box Of Rain - American Beauty
09. Jimbo Mathus & Andrew Bird - Beat Still My Heart - These 13
10. Gaia Banfi - Piazza Centrale - La Maccaia
11. Jaouad - Family Ties - Messias
12. Serge Gainsbourg - Mister Iceberg - De Gainsbourg À Gainsbarre
13. Tingvall Trio - Ya Man - Dance