arrow_back_ios

One World

Musek a Kultur / One World

/ Think twice, before judging

Think twice, before judging

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

The Buttshakers, eng Band vu Lyon, wou d’Soul, de Blues, Léift an Hoffnung d’Häerz vun hirer Musek ausmaachen. “Lessons In Love” ass deen drëtte Studioalbum vum franséische Soul-Sextett ronderëm déi charismatesch Sängerin Ciara Thompson.


Déi irresistibel Soul vun de Monophonics & Kelly Finnigan, eng Musek mat Accente vum psychedelesche Rock an der Motown, déi erzielt iwwer e Motel zu San Francisco, wou Globetrotter, Kënschtler ënner Daach koumen a wou d’Maueren iwwer d’Héichten an d'Déifte vun dëse Mënschen hirer Existenz erzielen.


Decouverte dës Woch ass de Kollektiv Mourning [A] BLKstar, eng 7-käppeg Band vu Cleveland, Ohio, déi de Gospel mat Blues, Jazz, Hiphop, Funk an der Elektro verbënnt. Hir Musek schaaft Klangfrequenzen, déi déi afrikanesch Diaspora beliichten.


Aner Decouverte ass den interessante Projet vu Jaguare Affair. Hei begéine mir den Edouard Choupay, Sänger a Songwriter, den Jordan Gury (Komponist) an de Charles Pierre (och Komponist). Mir héieren eng Popmusek mat Soul-Aflëss, eng decaléiert Eleganz …


E Retour an d’Joer 1971 bei den Album “Ram” vum Paul a Linda McCartney. Et ass deen zweeten Album, nodeems de McCartney d’Beatles verlooss hat. “Ram” gouf vu ville Kritiker hefteg ënner Beschoss geholl, obwuel e sech souwuel an England wéi an Amerika an den Charts gutt placéiert hat. D’Musek ass awer total éierlech, si ass de Reflet vun der Koppel hirem Liewen an där Zäit, ufanks de 70er, wou se sech op hir Famill konzentréiert hunn an hir Farm a Schottland ...


Playlist:

01. The Buttshakers - Good Intentions - Lessons In Love

02. The Buttshakers - Troubled Waters - Lessons In Love

03. Brooke Combe - Dancing At The Edge Of The World - Dancing At The Edge Of The World

04. Tindersticks - New World - Soft Tissue

05. Blue Material - NWO -Reasonings

06. Monophonics & Kelly Finnigan - Sage Motel - Sage Motel

07. Mourning [A] BLKstar - Can We? - Flowers For The Living

08. Durand Jones & The Indications & Aaron Frazer - Been So Long - Flowers

09. Watchoutforthegiants - Taking Back Time - Single

10. Jaguare Affair - Comment lui dire - Single

11. Liesa Van der Aa - Paroles paroles (feat. Johan Leysen) - Where What's Happening - EP

12. Paul & Linda McCartney - Ram On - Ram (Archive Collection) [2012 Remaster]

13. Michelle David & the Gospel Sessions - Where I'm Going - The Gospel Sessions, Vol. 1

14. Zé Ibarra - Da Menor Importância - AFIM

15. The Sorcerers - The Warrior Code - I Too Am a Stranger

16. Black Flower - Early Days of Space Travel, Pt. 2 - Future Flora

Episoden

From Now & Then

Neo-Soul, Surf-Rock, e Sënn fir Groove, Laid-Back instrumental-Titelen an e puer onëmgänglech Klassiker.
headphones

57 min

play_arrow

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow