De Songwriter, Gittarist a Produzent Oscar Jerome presentéiert op sengem neien Album "The Fork” e raffinéierte Songwriting, mat deem hie sech an der Londoner Musekszeen en Numm gemaach huet.
Bekannt fir seng verdreemte Popmusek, de Mark William Lewis räichert dës u mat Jazz, Folk an engem experimentellen Ausdrock. Esou passt de Mark William Lewis net wierklech an eng Kategorie, hie spillt mat de Konventioune vum traditionelle Songwriting.
De britteschen Trompettist, Produzent a Komponist Matthew Halsall redefinéiert de spirituellen Jazz fir déi nächst Generatioun, heescht et … mir entdecken en excellente Museker an och e Produzent mat Visioun.
Chip Wickham ass vläicht keen Numm, deen eis e Begrëff ass, mee de Saxofonist, Flüttist a Komponist war Member vun de wuelbekannten Nightmares On Wax. Iwwregens huet hien och mam Matthew Halsall zesummegespillt. De Chip Wickham präägt weiderhin déi englesch Jazz-Landschaft a mir entdecke seng Aktualitéit “The Eternal Now”.
“Not Guilty" ass e Lidd vum George Harrison vu sengem no sech selwer benannten Album aus dem Joer 1979. D’Stéck hat hien ee Joer virdru geschriwwen, no de Beatles hirer spiritueller Erfarung an Indie mam Maharishi Mahesh Yogi.
De Paddy Sherlock ass e charismateschen ireschen Trombonist, bekannt ass hie fir seng Optrëtter zu Paräis a fir seng Zesummenaarbecht mat der franséischer Rockgrupp FFF.
“Naïmah” ass den Debutalbum vun der Formatioun Naïmah, e Grupp, deen ouni Drummer auskënnt, also keng Beats, déi de Werdegang diktéieren, vläicht doduerch erkléngt hei e Move, dee fräi fléisst an net viraussobar ass.
Dolphin Hyperspace ass en elektroneschen Jazzduo vu Los Angeles mat der Saxofonistin Nicole McCabe an dem Bassist Logan Kane. Si sinn déi nächst Deeg zu Rennes ze gesinn am Kader vun den Transmusicales, e Festival, dee vum 3.-7. Dezember iwwer d’Bün geet.
Vill Newcomer sinn op den Trans ze gesinn, wat de Festival zu enger Decouvertë-Rees mécht an d’Welt vun der Musek vun haut. Awer och scho bekannten Artiste sinn op den Transmusicales, dorënner den nigerianesche Sänger Obongjayar. “Paradise Now” heescht seng Publikatioun vun dësem Joer, eng agreabel Decouverte!
Playlist:
01.Oscar Jerome - The Fork - The Fork
02. Mark William Lewis - Socialising - Mark William Lewis
03. Glen Hansard - Race to the Bottom - This Wild Willing
04. Mô'ti Tëi - Falling Down - Well Dressed Exile: Second Humming
05. Matthew Halsall - It’s What We Do (Bonus Track) - Colour Yes (Special Edition)
06. Ben Sidran - The Blues Is the Bottom Line - Who’s the Old Guy Now
07. Chip Wickham - Falling Deep - The Eternal Now
08. Paddy Sherlock - In Heavens Name - Dusk
09. The Beatles - Not Guilty (Esher Demo) - The Beatles (White Album)
10. Naïmah - Afro Boat - Naïmah
11. Dolphin Hyperspace, Nicole McCabe & Logan Kane - Miniscule Minnow (feat. Louis Cole) – What Is My Porpoise?
12. Obongjayar - Sweet Danger - Paradise Now
13. Tank and the Bangas - They Don’t See/Whole Foods (feat. Aja Monet) - The Heart, The Mind, The Soul
14. Ácido Pantera & Pernett - La Cuchara - Alta Pachanga