Den Album “Idrache” (Traces Of The Past) vun Tinariwen léisst 12 Raritéiten erkléngen, verschiddener sinn Demoen, déi spéider an enger méi produzéierter Form verëffentlecht goufen a 4 Lidder bis ewell nach ni. D’Musek vun den Tuareg an hirer Essenz!
D’Kläng aus der Sahara kommen och beim Farees zum Ausdrock. D’Ierwe vun den Tuareg op der Säit vu senger Mamm, säi Papp huet italieenesch an däitsch Originnen. De Farees huet sech fir d’éischt en Numm an Afrika gemaach an eréischt duerno gouf hien en héich geschaten Artist och an der westlecher Welt.
De Countdown vun den Trans Musicales vu Rennes leeft. D’Diversitéit vun de verschiddene Kulture kommen um bretonesche Festival zum Ausdrock mat 75 Gruppen an Artisten. Dës stamen aus iwwer 30 Länner, eng Rees an déi villfälteg Klanglandschafte vun den aktuelle Museken, Kreatiounen an Artisten, déi fir d’éischt op enger franséischer Bün stinn. An et ass nach ëmmer de Jean-Louis Brossard, deen zënter 1979 dësen exzeptionelle Festival fir eis orchestréiert.
Trans Musicales vu Rennes vu Mëttwoch 3. bis Sonndeg 7. Dezember.
D’Macha Gharibian ass eng franséisch Pianistin, Sängerin a Komponistin mat armeeneschen Originnen. Si schreift och fir den Theater a fir Long Metragen, mir entdecken hire 4 Studioalbum “Phenomenal Woman”, deen ufanks dëst Joer erauskoum.
Playlist:
01. Tinariwen - Soixante Trois - Idrache (Traces of the Past)
02. Farees - Black Hole Blues - Border Patrol
03. Farees - Mars / Tuareg - Galactic Africa
04. Mdou Moctar - Chismiten - Chismiten
05. Obongjayar - Sweet Danger - Paradise Now
06. The Garifuna Collective - Black Catbird - A Guide to the Birdsong of México, Central América & the Caribbean
07. David Walters & Keziah Jones - Kité Koulé - Kité Koulé - Single
08. Kokoroko -Closer To Me - Tuff Times Never Last
09. Carwyn Ellis & Rio 18 & Rio 18 - Impossible (feat. Elan Rhys) - Single
10. Macha Gharibian - Nobreza - Phenomenal Woman
11. Anouar Brahem, Anja Lechner, Django Bates & Dave Holland - After the Last Sky - After the Last Sky
12. Hugo Corbin - Bright Will Be The Day (feat. Monika Kabasele, Srdjan Ivanovic, Marc Buronfosse & Sandrine Marchetti) - Room To Dream
13. Rogê - Vida Voa - Curyman II