Kläng aus dem Mëttelmierraum, Influenze vum Desert Blues an der Soul léist d’Formatioun Naimah vu Bologna op hirem Debutalbum erkléngen.
Zënter ufanks den 90er Joren inspiréiert eis de Bill Callahan mat sengem eenzegaartege Songwriting. Déi éischt 17 Joer huet hie sech Smog genannt. Zënter 2007 nennt hie sech beim Numm. En neien Album ass ënnerwee …
De Peter Solo vu Vaudou Game huet sech net op den Orakel verlooss fir den Album “Kidayu”, mee amplaz op d’Voodoo-Rhythmen an de rauen Afro-Funk.
“Sorcerer” ass en Album vum Miles Davis aus dem Joer 1967, dat selwecht Joer koum deen englesche Science-Fiction-Film “The Sorcerers” vum Michael Reeves eraus. Allebéid grouss Influenze fir den englesche Grupp The Sorcerers mat Afrika, méi genee den äthiopeschen Jazz.
Um Album “De Palenque À Matongé” vum Dizzy Mandjeku an Alé Kumá erkléngt eng musikalesch Rees aus der Géigend vu Cartagena, fréier eng berüchtegt Etapp vum Sklavenhandel, bis op Kinshasa an der Demokratescher Republik Kongo, mat engem Tëschestopp am Bréisseler Véierel Matongé.
De Countdown vum Festival Transmusicales vu Rennes ufanks Dezember leeft, e Festival, op deem all d’Genrë vertruede sinn an deen de Puls vun der Zäit erklénge léist. Mir entdecken hei ë. A. de bizaren Duo vun der Saxofonistin Nicole McCabe an dem Bassist Logan Kane. Si nenne sech Dolphin Hyperspace, e Grupp vun L.A., deen Jazz, Punk an aner Influenze matenee verbënnt an doriwwer eraus op ass fir all Improvisatiounen.