arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Hybrids and more

Hybrids and more

Lagos Thugs ass eng 11-käppeg Band, déi och zu Lagos baséiert ass, Afrobeat vum Feinsten.

Black Flower sinn en Hybrid Jazz Combo aus der Belsch, dee vum Saxofonist a Flüttist Nathan Daems geleet gëtt. Si mixen Ethio-Jazz mat Afrobeat, Dub an orientaleschen Influenzen.

The Smile hu sécher eppes mat Radiohead ze dinn, well et ass jo den Trio vum Thom Yorke an Jonny Greenwood vu Radiohead zesumme mam britteschen Jazz Drummer Tom Skinner. Mir lauschteren hir Aktualitéit.

De Sixto Diaz, kuerz Rodriguez, ass an de Mëtt 70er zu Detroit säi ganz eege Wee gaangen. Et heescht hien hat keen Telefon, huet d’Clubbe bei him ronderëm den Eck besicht an huet a senger ganz eegener Welt gelieft. Dat esouwäit, datt hien net matkritt huet, datt hien a Südafrika e Megastar war …

Den amerikanesche Bluesmuseker Seasick Steve spillt virun allem personaliséiert Gittaren a sengt iwwer säi fréiert d’Liewen, wéi hien nach ganz verschidden Jobben nogaangen ass fir iwwer d’Ronnen ze kommen.

Ginger Bamboo ass de Projet vum Jeremy Alonzi, Member vum Grupp The Experimental Tropic Blues Band. A wat säi Projet als Ginger Bamboo ugeet, esou heescht et, datt dëst d’Recherche wier vun engem éierlechen Ausdrock a vun Instinkt.


Playlist:

01. Skinshape - Sua Alma (feat. Dalma) - Umoja

02. Lagos Thugs - Radio Talk (feat. Kiala & Ruth Tafebe) - Radio Talk (feat. Ruth Tafebe & Kiala)

03. Hadley Caliman - Cigar Eddie - Inner Peace

04. Black Flower - Early Days of Space Travel, Pt. 2 - Future Flora

05. The Smile - Zero Sum - Foreign Spies / Zero Sum

06. Wax Tailor - Just a Candle (feat. Mark Lanegan) - The Shadow of Their Suns

07. Rodriguez - Can't Get Away - Searching for Sugar Man (Original Motion Picture Soundtrack)

08. Ignace de Souza & The Melody Aces - Asaw Fofor - African Scream Contest 2

09. Mumbi Kasumba - Ignited - Rafiki (Original Motion Picture Soundtrack)

10. Seasick Steve- Dark - Man from Another Time

11. Ginger Bamboo - Stinlo - Elsewhere CC

12. Hardkandy - The Good and the Bad - Second to None

13. JJ Milteau- Jack the Man (feat. Demi Evans) - Fragile

Episoden

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow

Think twice, before judging

Soul, Blues, Gospel, Hoffnung, Léift … déi afrikanesch Diaspora kënnt zu Wuert a mir entdecken nei en Album aus den ufanks 70er Joren
headphones

56 min

play_arrow

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status
headphones

56 min

play_arrow

“The Eternal Now” (Chip Wickham)

Facetteräich an originell Singer-Songwriter, Pärelen aus der englescher Jazzzeen a kuerz virum Startschoss e Bléck op d’Transmusicales vu Rennes
headphones

56 min

play_arrow

Trans Musicales

En Ausflug an d’Sahara, eng Etapp bei de Garifuna an e Bléck op d’Trans Musicales vu Rennes.
headphones

57 min

play_arrow

Un automne 2025

En eenzegaartege Songwriting, eng musikalesch Rees op de Spuere vum Sklavenhandel an e Bléck op d’Programmatioun vun den Transmusicales vu Rennes.
headphones

56 min

play_arrow

Hybrids and more

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, op deen a Südafrika eng Iwwerraschung gewaart huet!