“Protest Songs 1924-2012” ass deen 9. a leschte Studioalbum vun der englescher Ska-Revival-Band The Specials, e Grupp, deen an den Enn 70er Joren opkoum an deen iwwer Rassismus gesongen huet, d’Aarbechtslosegkeet an d’Ongerechtegkeeten an eiser Gesellschaft. Dëst ass eng eenzegaarteg Kollektioun vu Lidder aus dem Folk bis zum Post-Punk, vu Kingston bis Alabama.
Zënter Joerhonnerte sangen déi westafrikanesch Griotten iwwer d’Geschichte vun hire Leit an hirem Land a begleede sech selwer op der Kora (eng elegant 21-säiteg Harf) an et si si, déi déi oral Traditioun verkierperen, d’Geschicht festhalen a weiderginn (dorënner och de Gossip). De Ballake Sissoko huet d’Instrument och an eise Géigende méi bekannt gemaach. Mir lauschteren hei zwou Kollaboratiounen, dorënner e Virgeschmaach op déi nei EP zesumme mam Piers Faccini.
Mir entdecken de Chapelier Fou mam richtegen Numm Louis Warynski, e Museker aus eiser Géigend, vu Metz, dee sech zum Theema Metamorphos äussert.
Chlopcy Kontra Basia heescht am Fong “d’Jonge géint d’Basia”, et sinn awer nëmmen 2 gutt gesënnte Jongen, déi géint déi polnesch Sängerin Basia Derlak untrieden …
Rosemary Standley & Dom La Nena ass e Stëmm- an Cello-Duo. Den Album “Birds On a Wire” ass en Disk, dee sech fir ganz ënnerschiddlech Coveren entscheet huet.
Playlist:
1. The Specials - Everybody Knows - Protest Songs 1924-2012 (Bonus Track Version)
2. The Specials - Listening Wind - Protest Songs 1924-2012
3. Mark Lanegan & Duke Garwood - Manchester Special - Black Pudding
4. Ballaké Sissoko - Frotter les mains (feat. Oxmo Puccino) - Frotter les mains (feat. Oxmo Puccino)
5. Ballaké Sissoko & Piers Faccini - Special Rider Blues - Special Rider Blues
6. Lavinia Meijer - Metamorphosis: Metamorphosis Two, Flowing - Glass: Metamorphosis, The Hours
7. Chapelier Fou - Les métamorphoses du vide (Ensemb7e Version) - Ensemb7e
8. Chłopcy Kontra Basia - The Supper - Brexit Blues
9. Rosemary Standley & Dom La Nena - Blessed Is the Memory - Birds On a Wire
10. dEUS - Sister Dew (Remastered) - The Ideal Crash (20th Anniversary Edition)
11. Massive Attack - Paradise Circus - Heligoland
12. Tindersticks - Don’t Walk, Run - Soft Tissue