De Produzent, Songwriter, Pianist an MC Alfa Mist schaaft op sengem neien Album “Roulette” säin eegene Science-Fiction-Universum an erfuerscht dës Kéier eng imaginär no Zukunft, an där Reinkarnatioun als kraaftvollt Instrument entdeckt gëtt, fir Dreem a vergaange Liewe mateneen ze verbannen.
D’Action-Spill “Death Stranding 2: On the Beach” staamt aus der Fieder vum Hideo Kojima mat der Musek vum Woodkid a Ludvig Forssel …
De Songwriter, Gittarist a Produzent Oscar Jerome huet en neien Album, “The Fork”, op deem dem fréiere Member vum Kokoroko Outfit seng nuancéiert Approche zum Songwriting ze héieren ass.
E faszinanten Trip, wou Jazz, Rock a Pop matenee verwieft sinn, héiere mir bei der Schwäizerin Lea Maria Fries op hirem Debut-Album “Cleo”, deen dëst Joer erauskoum.
De Miles Kane annoncéiert fir de 17. Oktober deen neien Album “Sunlight In The Shadows”, dee vum Dan Auerbach produzéiert ass, retro a modern ...
Playlist:
1. Alfa Mist - 9 Months - Roulette
2. Alfa Mist & Tawiah - All Time (feat. Tawiah) - Roulette
3. Woodkid - Shift - S16
4. Francesco Ballara - To the Wilder (From "Death Stranding 2: On the Beach) (Spanish Version)
5. Oscar Jerome - The Fork - The Fork
6. Little Barrie & Malcolm Catto - Creaky - Electric War
7. Lea Maria Fries - Witch’s Broom - CLEO
8. Miles Kane - Love Is Cruel - Sunlight In The Shadows
9. Shay Hazan - Dew - Wusul
10. AV & The Last Poets - Put In This Skin (feat. The Montgomery Sisters & B. Bain)
11. The Whitest Boy Alive - Island - Rules
12. Elvis Costello & The Roots - Wake Me Up - Wise Up Ghost (And Other Songs)
13. Joseph Malik - Cry When I'm on My Own - Diverse, Pt. 3