Den Alborosie ass a Sizilien gebuer an huet Jamaika zu senger Walheemecht gemaach. Op sengem Album “Destiny” collaboréiert hie mat der Jaz Elise, jamaikanesch Artistin mat vill Talent.
Mir sinn op der Spuer vum bekannten “House Of The Rising Sun”. Den Titel war en Number One Hit 1964! Mir gi méi gewuer iwwer d’Originne vun dësem Evergreen a senge villen Interpretatiounen.
Aussergewéinlech ass Renconter tëschent dem Antonello Salis, italieeneschen Accordeonist a Pianist, Paolo Angeli Gittarist, Instrumentebauer, dee sech ë. a fir d’Musek aus Sardinien interesséiert, dem Gavino Murgia, sardesche Sänger an Jazz-Saxofonist an dem Hamid Drake, amerikaneschen Jazz-Drummer a Perkussionist. E faméise Line Up, dee mir Album “Giornale Di Bordo” héieren, en Disk, deen 2010 erauskoum.
Dee brasilianesche Singer-Songwriter an och Politiker Gilberto Gil ass bekannt souwuel fir seng musikalesch Innovatioun wéi fir säi politeschen Aktivismus.
De Piers Faccini ass Museker a Weltebummler. Hei héiere mir zwou verschidde Kollaboratiounen vun dësem Artist, deen et derwäert ass am A ze behalen …
Playlist:
1. Alborosie - Faith (feat. Jaz Elise) - Destiny
2. Somi - House of the Rising Sun - Zenzile: The Reimagination of Miriam Makeba
3. Antonello Salis, Paolo Angeli, Gavino Murgia & Hamid Drake - Corsicana Tarantina - Giornale Di Bordo
4. Steve Shehan - Chasse Spleen - Visa Mundi
5. Gilberto Gil - Jacintho - OK OK OK
6. Las Hermanas Caronni - Breathe (feat. Piers Faccini) - Santa Plastica
7. Souad Massi - Mirage (feat. Piers Faccini) - Sequana
8. Coşkun Karademir - Rüzgar - Öz
9. Arooj Aftab - Raat Ki Rani - Night Reign
10. Hindi Zahra - At the Same Time (Remastered) - Handmade (Remastered)
11. Olivier Mellano & Mona Soyoc - Come In The Winter - Alive
12. Meernaa - Love Is Good - So Far So Good