Den AKA Trio ass d’Resultat vun enger déiwer Frëndschaft tëschent 3 talentéierte Museker aus verschiddene Kulturen:Antonio Forcione (Italien), Seckou Keita (Senegal) an Adriano Adewale (Brazil).
Déi asturesch Traditiounen nei interpretéiert: futuristesch, frech a sexy vum Rodrigo Cuevas & Raül Refree.
De schweedeschen Jazz-Gittarist Ulf Wakenius huet sech fir den Album “Vagabond” mat sengem Landsmann Lars Danielsson um Cello an dem franséischen Accordeonist Vincent Peirani zesummegedinn. Ganz onpretentiéis Klanglandschaften baséieren op enger Melodie vun den amerikaneschen Urawunner …
Mir wandere vun enger inspiréierter Grupp vu Lyon bei iranesch Traditiounen, erënneren un e Prelude vum Bach a maache e Stopover a Südkorea.
De franséisch-argentinesche Cuarteto Tafi lauschtere mir vum Album “Amanecer”. Amanecer steet fir de Sonnenopgang, en neien Dag oder fir d’Aktioun, datt mer erwäche sollen.
Playlist:
1. AKA Trio - Saudade - JOY
2. Rodrigo Cuevas & Raül Refree - El Día Que Nací Yo - Manual de Cortejo
3. Michel Godard, Patrice Héral & Gavino Murgia - Ambre - Le Concert des Parfums
4. Rodrigo Cuevas - Valse - Manual de Romería
5. Ulf Wakenius, Vincent Peirani & Lars Danielsson - Witchi-Tai-To - Vagabo
6. Youn Sun Nah - Momento Magico - Lento
7. The Swingle Singers - Prelude XVIII from Das Wohltemperirte Clavier, BWV 887 - Bach Hits Back
8. Mahsa Vahdat, Kronos Quartet & Marjan Vahdat - My Ruthless Companion - Placeless
9. Erotic Market - Should I - Boredoms & Heartstrings
10. Cuarteto Tafi - Somos de la Tierra (feat. Serge Lopez & Jean-Luc Amestoy) - Amanecer
11. Maestro Espada - La despedía - Maestro Espada
12. Rodrigo Cuevas - Dime, ramo verde - Manual de Romería
13. Jah9 - Hey You - Note To Self
14. Groundation - Nyabinghi Order (Remixed and Remastered) - Each One Teach One