Dem Lee Hazlewood säi “Summer Wine” aus dem Joer 1966 ass e Klassiker, dee gäre revisitéiert gëtt, z. B. och vum Alex Kapranos, Frontmann vun der Rockband Franz Ferdinand an der franséischer Singer-Songwriterin Clara Luciani.
Eng aner Koppel, déi gutt harmonéiert huet, war d’Isobel Campbell an de Mark Lanegan, dacks beschriwwen als The Beauty & The Beast …
Nostalgesch Melodië mat engem moderne Flair, klassesche Bolero an zäitgenëssesch Latino-Influenzen, Miramar ass eng Formatioun vu Richmond, Virginia. Mir entdecken deen neien Album “Entre Tus Flores”.
Wärend der Pandemie hu vill Museker sech emol mat anere Saache beschäftegt. Beim Adrian Quesada, bekannt fir seng Aarbecht mat de Black Pumas, war et esou, datt hie sech d’Klassiker vun de Latino Balladen aus de 70er ugelauschtert huet an esou begeeschtert war, datt hie selwer en Album an dësem Stil opgeholl huet: “Boleros Psicodélicos”.
Decouverte aus den Alpe mam éisträichesche Rock Duo Cari Cari. Hei héiere mir d’Drummer- a Sängerin Stephanie Widmer zesumme mam Gittarist a Sänger Alexander Köck. Anscheinend hätten déi zwee gesot si hätten d’Band gegrënnt, fir datt hir Musek an en Tarantino Film erakéim, éisträicheschen Humor … passt!
Playlist:
1. Alex Kapranos & Clara Luciani - Summer Wine - Summer Wine - Single
2. Isobel Campbell & Mark Lanegan - Deus Ibi Est - Ballad of the Broken Seas
3. Donna Blue - Cup of Time - Dark Roses
4. Miramar - Juntos - Entre Tus Flores
5. Adrian Quesada & Natalia Clavier - Tu Poder - Boleros Psicodélicos II
6. Marinero - Die Again, Yesterday - La La La
7. Hermanos Gutiérrez - Tres Hermanos (feat. Dan Auerbach) - El Bueno Y El Malo
8. Calexico - El Mirador - El Mirador
9. Las Hermanas Caronni - Breathe (feat. Piers Faccini) - Santa Plastica South
10. Yodi - Mariposa - Mariposa - Single
11. Cari Cari - Drumming Woman - One More Trip Around The Sun
12. Charley Crockett - Downtrodden Man - In the Night
13. The Black Keys - Good Love (feat. Billy F Gibbons) - Dropout Boogie
14. The Doobie Brothers - Long Train Runnin' - The Captain and Me (Remastered)