Tëschent Jazz a verdreemtem Pop, poetesch an ëmmer expressiv, d’Schwäizerin Lea Maria Fries presentéiert hiren neien Album “Cleo”.
Och de kanadesche Singer-Songwriter Destroyer, mam richtegen Numm Dan Bejar, huet eng Aktualitéit: “Dan’s Boogie”. Dëse 14. Studioalbum ass nees vum Artist sengem ganz eegene Bléck op d’Liewe gepräägt.
“The Jungle Book reimagined” ass e Spektakel vum Dänzer a Choreograf Akram Khan, deen dës bekannte Geschicht mat enger anerer Perspektiv ukuckt an zwar duerch de Bléck vun de Kanner …
Wann d’Techno den Jazz an den Afrobeat begéint, da si mir bei Tomorrow Comes The Harvest ukomm, Projet vum Techno-Pionéier Jeff Mills vun Detroit, dee sech mam Tony Allen zesumme gedinn hat fir zesummen nei improviséiert Performancen anzegoen. D’Iddi war näischt ze plangen, mee de Moment spontan zesumme live ze erfuerschen. De Projet “Evolution” existéiert weider …
De Miles Kane kënnegt mam Titel “Love Is Cruel” deen neien Album “Sunlight In The Shadows” un, dee vum Dan Auerbach produzéiert ass an hei ass méi wéi eng Kiischt um Kuch ze genéissen …
Playlist:
1. Lea Maria Fries - Witch’s Broom - CLEO
2. Destroyer - Cataract Time - Dan’s Boogie
3. Michael Stephenson & Alexander Claffy - Outskirts of Town - Outskirts of Town
4. Jocelyn Pook - Council Rock
5. Tomorrow Comes The Harvest - Rising Water (Reprise) - Evolution
6. Glass Beams - Snake Oil - Mahal - EP
7. Galliano - Circles Going Round The Sun - Circles Going Round The Sun
8. Miles Kane - Love Is Cruel - Sunlight In The Shadows
9. The Sorcerers - The Warrior Code - I Too Am a Stranger
10. Dez Mona - The Power - Loose Ends
11. Kokoroko - Closer To Me - Tuff Times Never Last
12. Blue Material - NWO - Reasonings
13. Blue Material - Reasonings - Reasonings
14. Khruangbin - May Ninth - A LA SALA