Fusion-Funk an aner Kläng “to swing your hips”, e Klassiker aus de Mëtt 60er an e cineastesche Kammer-Jazz-Projet.
Iwwerleeungen zu den Dualitéite vum Liewen am Rhythmus vun engem Fusion-Funk, deen zum Danzen aluet, deen neien Album “Tuff Times Never Last” vu Kokoroco kënnt elo am Juli eraus an de Grupp vu London ass grad an eise Géigenden op Tournée.
De Globetrotter-Museker David Walters schafft un engem neien Album, deen d’nächst Joer erauskomme soll a fir dësen unzekënnegen huet hien Ekipp gemaach mam nigerianesche Gittarist a Sänger Keziah Jones. Den Titel “Kité Koulé” klengt no engem Hit vun dësem Summer 2025.
Den Album “Sunshine Superman” vum schottesche Singer-Songwriter Donovan koum 1966 eraus, en Disk wou den Jimmy Page an John Paul Jones vu Led Zeppelin, allebéid déi Zäit och nach Session-Museker, hiren Touch bäigesteiert hunn.
Vega Trails ass dee wäitleefegen, cineastesche Kammer-Jazz-Projet vum Kontrabassist a Komponist Milo Fitzpatrick, dee mir och als Grënnermember vum Portico Quartet kennen. Dee schéinen Album “Sierra Tracks” koum am Mäerz dëst Joer eraus.
Playlist:
1. Kokoroko - Closer To Me - Tuff Times Never Last
2. David Walters & Keziah Jones - Kité Koulé
3. David Walters & K.O.G - Gimme Love - Soul Tropical
4. Dr. Lonnie Smith & Iggy Pop - Sunshine Superman - Breathe
5. Donovan - Season of the Witch - Sunshine Superman
6. Turner Cody & The Soldiers Of Love - Lonely Days in Hollywood - Friends in High Places
7. Yasmin Williams - Urban Driftwood (feat. Amadou Kouyate) - Urban Driftwood
8. Vega Trails - Dream House - Sierra Tracks
9. Anouar Brahem, Anja Lechner, Django Bates & Dave Holland - After the Last Sky - After the Last Sky
10. Jaouad - Family Ties - Messias
11. Curtis Harding - Hopeful - Hopeful - Single