“Adagio” ass deen neien Album vun der griichescher Singer-Songwriterin Stella iwwerschriwwen. Zënter hirem Debut 2014 huet hiren Ausdrock sech vun enger psychedelescher Disco zu méi verdreemte Melodien entwéckelt, ëmmer awer an enger déiwer Connection zu hire griichege Wuerzelen.
Eng Reflexioun iwwer d’Zäit an d’Liewen, eng Hiphop-Fusioun mat afrikanescher Musek, dat héiere mir um Ballaké Sissoko sengem “Frotter les mains (feat. Oxmo Puccino)”.
Eng aner Fusioun vu Kläng dës Kéier aus der Karibik ass de Gwo Ka verbonne mat Elektro, Soul, Jazz an Hiphop vun der Celia Wa, eng Multiinstrumentalistin, déi hir Fusioun als Karibfutursound bezeechent.
Dem Arthur H säin duebelen Album “Amour chien fou” ass en Disk, deen d’Resultat ass vum Artist senge Reesen a Mexiko, Bali a Japan.
Verwuerzelt an der Country awer op fir aner Stiler: Giant Sand ass eng Formatioun vun Tucson Arizona ronderëm de Songwriter How Gelb. Si hu keen neien Album, mee e puer Klassiker re-editéiert an déi nei Compil “Sandworms’ The Songs of Howe Gelb and Giant Sand" iwwerschriwwen, déi fir de 15. August ugekënnegt gëtt.
Playlist:
1. Liana Flores - Halfway heart - Flower of the soul
2. Σtella - Ta Vimata - Adagio
3. David Walters, Ballaké Sissoko & Vincent Segal - An Lot Soley - Soul Tropical
4. Ballaké Sissoko - Frotter les mains (feat. Oxmo Puccino) - Frotter les mains (feat. Oxmo Puccino)
5. Celia Wa - Démounaj - Fasadé
6. Laurent Bardainne & Tigre d'Eau Douce - Oiseau (feat. Bertrand Belin) - Hymne au soleil
7. Arthur H - Tokyo Kiss - Amour chien fou
8. Giant Sand - Pitch & Sway - Provisions
9. James Eleganz - Forgive Me, Forget Me - The Only One
10. The Replacements - If Only You Were Lonely (feat. Tom Waits) - Dead Man's Pop
11. Aldous Harding - The Barrel - Designer
12. NST & The Soul Sauce meets Kim Yulhee - 뺑덕 - Version