De Mexican Institute of Sound ass en elektronesche Museksprojet, deen zu Mexiko-City an d’Liewe geruff gouf vum DJ a Produzent Camilo Lara.
D’Akua Naru ass eng Rapperin aus Connecticut. Hiren Hiphop integréiert d’Soul an den Jazz. Beim wuelbekannten “Walking the Block” ass d’Drea D’Nur Gaaschtinvitée, eng Artistin, déi sech a méi Konschtformen ausdréckt.
Yello ass e Schwäizer Duo mam Dieter Meier a Boris Blank. Vun hirem Look hier kéinte si gutt an engem Geheimagente-Thriller matspillen an hir Spillwiss ass déi elektronesch Musek mat engem Rock-Feeling, mee si flirten och mat anere Stiler.
D’Foals sinn eng brittesch Rockband vun Oxford mat hirem Leader Yannis Philippakis, dee sech gären och mat Museker aus anere Kulturen trëfft, dorënner en Tony Allen …
D’Appalache sinn eng Biergketten am Oste vun Nordamerika. Natierlech hunn do d’Urawunner gelieft, éier d’Regioun besidelt gouf, virun allem vu Schotten an Iren. “Black is the Colour” gëllt als en traditionellt Lidd aus dëser Géigend, e Folksong, dee schottesch Originnen hätt …
Playlist:
1. Mexican Institute of Sound - El Micrõfono - Piñata
2. Akua Naru - Walking the Block (feat. Drea D’Nur) - The Live & Aflame Sessions
3. AV & The Last Poets - Put In This Skin - Put In This Skin (feat. The Montgomery Sisters & B. Bain)
4. Zap Mama - Baby - Eclectic Breath
5. HAIM - Better Off - Forever - EP
6. Yello - Big Boy's Blues - Point
7. dEUS - Simple Pleasures - How To Replace It
8. Sophie Hunger - She Makes President - Molecules
9. Foals - Late Night - Holy Fire
10. Future Islands - Like the Moon - Singles
11. Gorillaz - Désolé (feat. Fatoumata Diawara) [Extended Version] - Song Machine, Season One: Strange Timez
12. Nina Simone & Jaffa - Black Is the Color of My True Love's Hair (Jaffa Remix) - Verve Remixed 2
13. Tom Urleena - Color My Pants - presents La Maison La Rue (Pure Lounge For Now People)
14. Jazzamor - Love Track - Interior One - Modern Music for Modern People