Den Charley Crockett ass en texanesche Singer-Songwriter an och Schauspiller, deen an engem Trailer Park grouss gouf a sech selwer d’Gittar an de Songwriting bäibruecht huet.
De Gecko Turner ass e spuenesche Museker, dee sech no un der Grenz mat Portugal niddergelooss huet. Seng Influenze sinn d’Bossa Nova, d’Soul-Musek, Funk, Reggae, Jazz an och d’Electronica.
Den Jazzsänger a Pianist Freddy Cole konnt op eng 70 järeg Karriär zeréckblécken. Mir entdecken seng Versioun vun “Brother, Where Are You?”, e Lidd, dat vum Oscar Brown Jr. geschriwwe gouf.
De Mark Rodney a säi “California” ass eng vun de Pärelen, déi aus dem Earl McGrath sengem Schaaf erausgefëscht an op der Anthologie “The Lost Archive of Earl McGrath, 1970-1980” festgehale goufen. En interessante Recueil vu Raritéiten.
Dem JJ Cale säi wuelbekannten “Cajun Moon” gouf revisitéiert vum Jazzflüttist Herbie Mann mat der Cissy Houston hanner dem Mikro, ze fannen um Mann sengem 76er Album “Surprises”.
The Rebels of Tijuana: dës Rebelle kommen net vun Tijuana, der Mexiko-Grenzstad mat Kalifornien, mee vu Lyon a Frankräich.
Las Hermanas Caronni sinn argentinesch Zwillingsschwësteren, Cellistin a Klarinettistin, allebéid och Sängerinnen, déi eis mat enger intelligenter a delikater Musek verwinnen.
Israeelesch Traditiounen, verbonne mat internationalen an zäitgenësseschen Influenzen, héiere mir vum Ron Eliran, e 34er Joergang, deem seng Biographie interessant ass noliesen ze goen.
Playlist:
1. Charley Crockett - Downtrodden Man - In the Night
2. Gecko Turner - Am I Sad? - Somebody From Badajoz
3. Mark Rodney - California - Earl’s Closet: The Lost Archive of Earl McGrath, 1970-1980
4. Freddy Cole - Brother, Where Are You? (feat. Buddy Cooner, Ed Edwards & Paul Avery) - The Cole Everybody Knows / The Best Year of My Life
5. Herbie Mann - Cajun Moon – Surprises
6. Immy Owusu - Brown Supremacy - Brown Supremacy – Single
7. The Rebels of Tijuana - Brazil 70 - Brazil 70 - EP
8. Ian Lasserre - Mar Mirante - Sonoridade Pólvora
9. Las Hermanas Caronni - Tôle - Santa Plastica South
10. Raphael Saadiq - Good Man - Stone Rollin'
11. Ron Eliran - Sky Dust Drifter - Sky Dust Drifter
12. Thee Sacred Souls - Weak for Your Love - Thee Sacred Souls
13. Monophonics & Kelly Finnigan - Sage Motel - Sage Motel