arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ One More Trip Around The Sun

One More Trip Around The Sun

Rio 18 ass en internationale Kollektiv dee gegrënnt ginn ass vum englesche Singer Songwriter a Produzent Carwyn Ellis, haut lauschtere mer de neien Titel ‘Impossible’ mat der Actrice a Sängerin Elan Rhys hanner dem Mikro.


Dëst Joer huet de franséische Sänger an Trompettiste Voyou en Hommage-Album opgeholl an Éieren vum grousse Chansonnier Henri Salvador, ‘Henri Salvador est un Voyou’ iwwerschriwen.


De neien Album vum hollännesche Rock’N’Soul Trio DeWolff heescht ‘Muscle Shoals’, opgeholl an de legendären Tounstudioe Muscle Shoals a Fame Studios zu Alabama.


Cari Cari hir Aktualitéit heescht ‘One More Trip Around The Sun’ , en Disk -sou heescht et- wou se NEE soen, Nee zu de Major Labelen an engem System dee d’Mënschen hanner der Konscht vergiesse géif.


Mir lauschteren dem zu Leeds baséierte Sittar-Spiller a Komponist Jasdeep Singh Degun säi schéine ‘Lament’, en Extrait aus senger Interpretatioun vun der Oper Orpheus.


Muva of Earth, d’Artistin nennt sech haut Divnie Earth, si ass eng alternativ Soul-Jazz Sängerin mat nigerianesche Yoruba Originnen, an England gebuer an opgewuess.


Den Debashish Bhattacharya ass en indesche klassesche Museker a Komponist, e Meeschter vun der Slide Gittar. Hien huet en Hommage gemaach un den hawaiianesche Gittarist Tau Moe ‘Papa Tau’


Playlist:


1. Carwyn Ellis & Rio 18 -Impossible (feat. Elan Rhys) - Impossible (feat. Elan Rhys)

2. Voyou - Et des mandolines - Henri Salvador est un Voyou

3. Manu Chao - São Paulo Motoboy - Viva Tu

4. Mestizo - Goldmine (feat. N. Hardem & Shantéh)

5. Shay Hazan - Dew - Wusul

6. Cari Cari - Drumming Woman - One More Trip Around The Sun

7. DeWolff - Natural Woman - Muscle Shoals

8. Little Barrie & Malcolm Catto - Creaky - Electric War

9. Hardkandy - The Good and the Bad - Second to None

10. Alon Abouboul - Potion of Love - Single

11. muva of Earth - no one else has your magik! - align with Nature's Intelligence

12. Jasdeep Singh Degun - Lament

13. Debashish Bhattacharya - Papa Tau (A Tribute to Papa Tau Moe) - Hawaii to Calcutta: A Tribute to Tau Moe

14. Coşkun Karademir - Rüzgar - Öz

Episoden

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow