Kalaido ass den Alias vum Phoenix Glendinning. Mat senger leschter Single ‘Midnight Diner Curry’ gëtt den neien Album ‘In Praise Of Shadows’ ugekënnegt.
Eng kleng Zäitrees Direktioun 60ies, bei d’YéYés an d’Filmmuseken, dohinner hëllt eis di elegant Pop vum hollänneschen Duo Donna Blue mat.
D’Macha Gharibian ass eng klassesch trainéiert Pianistin, Sängerin, Singer-Songwriterin an och Produzentin. Hir Racinne sinn an Armenien ze fannen, hiert Häerz zu Paräis an New York huet se zu hirer Walheemecht gemaach. Hire neien Album Phenomenal Woman setzt hir Stëmm an de Virgrond di d’Liewen an d’Kraaft vun de Frae feiert.
Eng vun den Decouverten ass de neien Album ‘Ye Ankasa We Ourselves’ vum zu Berlin baséierten Afro-Soul Grupp Jembaa Groove. Den Disk ass ugeräichert mat der Presenz vum Veteran Gyedu-Blay Ambolley, vum Multiinstrumentalist Kwame Yeboah a vun der Multidimensionaler Kraaft vum K.O.G aus Ghana.
D’Rebecca Vasmant ass eng zu Glasgow baséiert Produzentin di sech e Numm mëscht am zäitgenëssesche Jazz…
‘Potion of Love’ di nei Single vum Alon Abouboul kléngt mysteriéis an dach familiär, produzéiert vum Rejoicer, och e Coup de Coeur!
De Psychedeleschen Funk a Blues Trio Little Barrie entdecke mer haut mat hirem explosiven neien Album ‘Electric War’, en eenzegaartege musikalesche Melting Pot !
Playlist:
1. Kalaido - Midnight Diner Curry (feat. Sam Miles) - Single
2. Donna Blue - Mains De L’amour - Into the Realm of Love
3. Miramar - Lo Sabras - Entre Tus Flores
4. Macha Gharibian - Nobreza - Phenomenal Woman
5. Jembaa Groove - Outro -Ye Ankasa We Ourselves
6. Rebecca Vasmant - Rooted (feat. Paix & Emilie Boyd)- Single
7. Morcheeba - Call For Love - Single
8. Alon Abouboul - Potion of Love
9. Tindersticks - Lady with the Braid - Distractions
10. David Sylvian - I Surrender - Everything & Nothing
11. Little Barrie & Malcolm Catto - Creaky - Electric War
12. Yusef Lateef - Jungle Plum - The Gentle Giant