arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ un peu de douceur

un peu de douceur

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

Kalaido ass den Alias vum Phoenix Glendinning. Mat senger leschter Single ‘Midnight Diner Curry’ gëtt den neien Album ‘In Praise Of Shadows’ ugekënnegt.


Eng kleng Zäitrees Direktioun 60ies, bei d’YéYés an d’Filmmuseken, dohinner hëlt eis déi elegant Pop vum hollänneschen Duo Donna Blue mat.


D’Macha Gharibian ass eng klassesch trainéiert Pianistin, Sängerin, Singer-Songwriterin an och Produzentin. Hir Racinne sinn an Armenien ze fannen, hiert Häerz zu Paräis an New York huet se zu hirer Walheemecht gemaach. Hire neien Album Phenomenal Woman setzt hir Stëmm an de Virgrond déi d’Liewen an d’Kraaft vun de Frae feiert.


Eng vun den Decouverten ass de neien Album ‘Ye Ankasa We Ourselves’ vum zu Berlin baséierten Afro-Soul Grupp Jembaa Groove. Den Disk ass ugeräichert mat der Presenz vum Veteran Gyedu-Blay Ambolley, vum Multiinstrumentalist Kwame Yeboah a vun der Multidimensionaler Kraaft vum K.O.G aus Ghana.


D’Rebecca Vasmant ass eng zu Glasgow baséiert Produzentin déi sech en Numm mëscht am zäitgenëssesche Jazz…


‘Potion of Love’ déi nei Single vum Alon Abouboul kléngt mysteriéis an dach familiär, produzéiert vum Rejoicer, och e Coup de Coeur!


De Psychedelesche Funk a Blues Trio Little Barrie entdecke mer haut mat hirem explosiven neien Album ‘Electric War’, en eenzegaartege musikalesche Melting Pot !


Playlist:


1. Kalaido - Midnight Diner Curry (feat. Sam Miles) - Single

2. Donna Blue - Mains De L’amour - Into the Realm of Love

3. Miramar - Lo Sabras - Entre Tus Flores

4. Macha Gharibian - Nobreza - Phenomenal Woman

5. Jembaa Groove - Outro -Ye Ankasa We Ourselves

6. Rebecca Vasmant - Rooted (feat. Paix & Emilie Boyd)- Single

7. Morcheeba - Call For Love - Single

8. Alon Abouboul - Potion of Love

9. Tindersticks - Lady with the Braid - Distractions

10. David Sylvian - I Surrender - Everything & Nothing

11. Little Barrie & Malcolm Catto - Creaky - Electric War

12. Yusef Lateef - Jungle Plum - The Gentle Giant

Episoden

Suro Nipa

Afro-Soul, Highlife, Global Roots an French Connection.
headphones

55 min

play_arrow

Beats, Jazz & more

Hypnotesch, melancholesch, däischter oder grooveg Titelen aus verschiddene Genren.
headphones

55 min

play_arrow

From Now & Then

Neo-Soul, Surf-Rock, e Sënn fir Groove, Laid-Back instrumental-Titelen an e puer onëmgänglech Klassiker.
headphones

57 min

play_arrow

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen