Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Wierder an Nouten

Wierder an Nouten

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Deen zu Mexico-City baséierte Mexican Institute of Sound ass e Projet vum Dj a Produzent Camilo Lara, erfrëschend …


Calexico si vun Tucson Arizona eng Formatioun ronderëm den Joey Burns an John Convertino, déi fir d’éischt jo zesumme bei Giant Gand gespillt hunn. Gutt Nouvelle, Calexico annoncéiere vu Februar nächst Joer un e puer Concerten an Europa.


Den asturesche Sänger Rodrigo Cuevas bezeechent sech selwer als een, deen de Folk op d’Kopp dréit. Inspiréiert vun den traditionelle Rhythmen a Gesangsformen aus dem Norde vu Spuenien, esou ginn dës mat enger elektronescher Instrumentatioun ugeräichert an nei interpretéiert, wat eng nawell couragéis Mutatioun ervirbréngt …


Iwwerleeunge vum Herman Hesse zum Theema Gléck, mat der Stëmm vun der Schauspillerin Juliane Köhler, héiere mir um schéinen “Hesse Projekt” vun de Produzente Schönherz & Fleer. Hei si vill bekannte Leit derbäi, déi hir Stëmm an den Déngscht vun der zäitloser Poesie a Spiritualitéit vum Auteur stellen.


Den Tony Allen war en nigerianeschen Drummer, Komponist a Songwriter, dee beim Fela Kuti d’Bengelen am Grapp hat an doriwwer eraus och de musikaleschen Direkter vum Fela senger Band war tëschent 1968 an 79.


Mat sengem Album “Film of Life” zeechent den Tony Allen e Portrait vu sech selwer an erméiglecht eis eng Iwwersiicht vu senger exemplarescher Karriär, déi de Be-Bop, Afrobeat, den Jazz mat psychedeeleschem Pop verbënnt.


Vill bekannten an och manner bekannten Artiste waren interesséiert mam Tony Allen zesummenzeschaffen. 2016 krut de Yannis Philippakis, Frontmann vun der brittescher Rock-Band Foals d’Méiglechkeet fir 2 Deeg mam Tony an engem Paräisser Studio ze verbréngen.


D’Resultat ass elo do: Ënner dem Numm Yannis & The Yaw koum d’EP “Lagos Paris London” Enn August 2024 op de Maart. Hei en neien Extrait aus dëser interessanter Kollaboratioun.


Playlist:

1. Mexican Institute of Sound - El Micrõfono - Piñata

2. Calexico - El Mirador - El Mirador

3. Niño de Elche & ROSALÍA - Seguiriya Madre - Flamenco. Mausoleo de Celebración, Amor y Muerte

4. Rodrigo Cuevas & Raül Refree - Muerte en Motilleja (feat. Adufeiras de Salitre) - Manual de Cortejo

5. Wolfgang Haffner - Libertango (feat. Ulf Wakenius, Sebastián Studnitzky & Vincent Peirani) - Kind of Tango

6. Minino Garay - Speaking Tango - Minino Garay y los Tambores del Sur

7. MiiRA - Lembro - Lembro - Single

8. Ludivine Issambourg & Eric Legnini - Night Watch - Above the Laws

9. Schönherz & Fleer - Glück (feat. Juliane Köhler) - Hesse Projekt

10. Nils Landgren & Johan Norberg - Fragile (Live) - Glatt & Verkehrt: Neue Welt - Das Lied bleibt

11. A Filetta, Abdullah Miniawy & Peter Corser - Light Pearls for Orphans

12. Tony Allen - Boat Journey - Film of Life

13. Tony Allen - Na Bangui (feat. Sandra Nkaké) [Bonus Track] - Film of Life (Deluxe Edition)

14. Yannis & The Yaw - Night Green, Heavy Love (feat. Tony Allen) - Lagos Paris London EP

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.