Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Tomberlin - A Video Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Transmusicales and more ...

Transmusicales and more ...

Hanner dem Projet Verde Prato begéine mir d’Ana Arsuaga, Interpretin a Komponistin aus dem Baskeland. Zanter 2021 verëffentlecht si all Joer en Disk, ëmmer an hirer Sprooch gesongen, mee developpéiert all Kéier eng aner Approche.


Eng aner Decouverte vun den Trans dëst Joer si Baba Ali. Hei héiere mir vereent de kraaftvolle New-Yorker Sänger Baba Doherty zesumme mam englesche Gittarist Nik Balchin. Elektro-Punk-Disco flitt eis ronderëm d’Oueren, Brut awer mat Soul!


Coup de coeur dëst Joer op den Trans ass Yannis & The Yaw. Dëst ass en eenzegaartege Projet, nodeems de griichesche Sänger Yannis Philippakis, Leader vum englesche Grupp Foals, d’Méiglechkeet kritt hat eng Studio Session ze organiséiere mam mytheschen nigerianesche Batteur Tony Allen.


Nei erauskoum den Album "Above The Laws” vun der Ludivine Issambourg. Si ass eng geschate Flüttistin a Komponistin, déi ë. a. mat Chassol, Wax Taylor an Angélique Kidjo ënner villen anere schafft. Op hirem neien Album "Above The Laws” ëmgëtt si sech mat engem 5-Stäre-Casting vu Realisateuren, Museker a Gaaschtinvitéen …


E Retour an d’70er mam amerikanesche Multiinstrumentalist Yusef Lateef um Album “The Gentle Giant”. Hien huet zu där Zäit schonn e breede Spektrum vu Kläng a seng Musek integréiert mat Instrumenter, déi an der westlecher Welt net bekannt waren.


D’70er waren och d’Zäit vun der Betty Davis, an eng Saach ass kloer: si war eng Artistin, déi hirer Zäit viraus war: Verfechterin vun de Fraerechter, war kuerz mam Miles Davis bestuet an huet deem seng stilistesch Radikalisatioun beaflosst, heescht … eng richteg Punk-Funk Provokateurin.


Raritéit vum Prince: Hien a säi Piano eleng a sengem Studio. Hien experimentéiert, sicht säi Wee, probéiert, wat passt oder net ... dat war 1983, “Piano and a Microphone 1983”, esou och d’Iwwerschrëft vum Album, dee Posthum 2018 erauskoum.


Eng aner Decouverte si Maestro Espada aus Spuenien. Si sinn déi nei Protégés vum Produzent Raül Refree. Mir begéinen den Alejandro a Víctor Hernández, déi engesdaags decidéiert hu sech an d’Traditioune vun hirer Heemecht Murcia eranzeknéien, e spannende Projet, deen de 5. Dezember op den Trans ze gesinn ass: Traditioun begéint den Zäitgeescht vun haut!


Playlist:

1. Verde Prato - Zu atrapatu arte (Cover Kortatu) - Euskal Pop Erradikala - EP

2. Baba Ali - Heart Racer - Heart Racer - Single

3. Yannis & The Yaw - Walk Through Fire (feat. Tony Allen) - Lagos Paris London (feat. Tony Allen)

4. Ludivine Issambourg & Eric Legnini - Night Watch - Above the Laws

5. Yusef Lateef - Jungle Plum - The Gentle Giant

6. Lou Donaldson - Everything I Do Gonna Be Funky (From Now On) - Everything I Play Is Funky

7. Betty Davis - I Will Take That Ride (Bonus Track) - Betty Davis

8. Prince - Piano & a Microphone - 17 Days (Piano & a Microphone 1983 Version) - 1983

9. Maestro Espada - Murciana - Maestro Espada

10. Fabrice Martinez, Vincent Peirani & Collectif La boutique - La nature universelle - Twins

11. Erik Truffaz - Trippin' the Lovelight Fantastic - Arkhangelsk

12. Mo' Horizons - I Can't Sleep (feat. Noam Bar Azulay) - Mango

13. Morcheeba - Sulphur Soul - Blackest Blue

14. Degiheugi - Un Jour Comme Un Autre (Moderator Remix) - Remixed Treasures

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.