arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Transmusicales 2024

Transmusicales 2024

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

“We intend to cause Havoc”, kuerz Witch, ass eng mythesch Formatioun aus Sambia aus de 70er Joren. Deen neien Album ass “Zango” iwwerschriwwen.

D’Transmusicales vu Rennes stinn nees virun der Dier a gi vum 4.-8. Dezember iwwer déi verschidde Büne vun der bretonescher Haaptstad. Hei en éischte klenge Virgeschmaach op déi eklektesch Programmatioun mat ë. a. der vietnameesescher Grupp Saigon Soul. Baséiert zu Hô Chi Minh-Ville, dëse Grupp gräift d’Pop aus de 70er Joren op, wéi d’Stad nach Saïgon geheescht huet. Och traditionell Instrumenter kommen hei zum Ausdrock wéi den Dàn Nguyêt, e Säiteninstrument aus dem XI. Joerhonnert.

Roshâni ass eng Formatioun vu Genf, geleet vun der Sängerin Roxane Dumont an der Bassistin a Clavieristin Inès Mouzoune. Begleet vum Yavor Lilov op der Batterie fusionéiere si verschidde Stiler a Sproochen a schafen en elektronesche Pop, dee geniert ass vun dëse verschiddene Kulturen. D’Texter si mol op Farsi, Spuenesch a Franséisch. Roshâni, de 4. Dezember op den Transmusicales vu Rennes.

Verde Prato ass de Projet vun der Ana Arsuaga aus dem spuenesche Baskeland. Net wierklech Pop, net wierklech Elektro an och net Folk, mee e bësse vun all deem zesummen an eppes Neies verwandelt.

Episoden

From Now & Then

Neo-Soul, Surf-Rock, e Sënn fir Groove, Laid-Back instrumental-Titelen an e puer onëmgänglech Klassiker.
headphones

57 min

play_arrow

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow