arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Vagabonds & Soulmates

Vagabonds & Soulmates

Lauschteren play_arrow
headphones

55 min

Nei-Verëffentlechungen, spannend Live-Versiounen a mystesch Renconteren.

Traditiounen aus dem Jemen héiere mer vun El Khat, eng Formatioun ronderëm de Multi-Instrumetalist Eyal El Wahab. An dëse raren orientalesche Folk ass den 22. Oktober live am Prabbeli zu Wolz z'erliewen.

News aus dem Balkan haut mat engem psychedelesche Groove vu Pula (Kroatien) dee beaflosst ass vun der Cumbia, der Tierkescher World-Musek an aneren Influenzen.

Aus Finnland héiere mer d’Musek vun de Sami an hire Joik, eng traditionell Gesangs-Aart. Áššu ass eng Formatioun mat der Ulla Pirttijärvi déi iwwert hiert Doheem joikt, d’Dierfer Utsjoki and Angeli.

Gläich e puer mystesch Renconteren héiere mer haut notamment tëscht de korsesche Stëmme vun A-Filetta an der vum ägyptesche Sänger Abdullah Miniawy begleet vum Saxophonist Peter Corser.

Alles Artisten déi a Beréierung si mat hiren eegenen Traditiounen, den Dialog mat anere Kulture sichen a gemeinsam nei Klangwelte schafen.

Esou och de Murat Coskun a Michel Godard. De Perkussionist vu Freiburg an de franséischen Tuba-Spiller si Bridder am Geescht.


Playlist:

1. Glass Beams - Snake Oil - Mahal - EP

2. El Khat - Ya Rayiat (Live) - Glatt & Verkehrt: Neue Welt - Das Lied bleibt (Live)

3. Charif Megarbane - Souk el Ahad - Marzipan (Habibi Funk 023)

4. Balkan Taksim - Zalina - Zalina

5. Nemanja - Lovers - Tarot Funk

6. Áššu - Basejávr-Hánsa (Live) - Glatt & Verkehrt: Neue Welt - Das Lied bleibt (Live)

7. Youn Sun Nah - Ghost Riders in the Sky - Lento

8. Ulf Wakenius, Vincent Peirani & Lars Danielsson - Witchi-Tai-To - Vagabond

9. Abaji - El Cielo de Atacama - Carnet de Voyages, Pt. 1 (Organic World Music)

10. A Filetta, Abdullah Miniawy & Peter Corser - Light Pearls for Orphans (Live) - Glatt & Verkehrt: Neue Welt - Das Lied bleibt (Live)

11. Murat Coskun & Michel Godard - Sunrise in Cappadocia - Frames & Drums

12. Leonard Cohen - First We Take Manhattan (Live) - Live In London

13. Isaac Hayes - Theme From Shaft - Shaft: Music From The Soundtrack

Episoden

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow

Think twice, before judging

Soul, Blues, Gospel, Hoffnung, Léift … déi afrikanesch Diaspora kënnt zu Wuert a mir entdecken nei en Album aus den ufanks 70er Joren
headphones

56 min

play_arrow

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status
headphones

56 min

play_arrow

“The Eternal Now” (Chip Wickham)

Facetteräich an originell Singer-Songwriter, Pärelen aus der englescher Jazzzeen a kuerz virum Startschoss e Bléck op d’Transmusicales vu Rennes
headphones

56 min

play_arrow

Trans Musicales

En Ausflug an d’Sahara, eng Etapp bei de Garifuna an e Bléck op d’Trans Musicales vu Rennes.
headphones

57 min

play_arrow

Un automne 2025

En eenzegaartege Songwriting, eng musikalesch Rees op de Spuere vum Sklavenhandel an e Bléck op d’Programmatioun vun den Transmusicales vu Rennes.
headphones

56 min

play_arrow

Hybrids and more

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, op deen a Südafrika eng Iwwerraschung gewaart huet!