arrow_back_ios

Klassik Live

100komma7.lu / Klassik Live

/ Live: Den traditionelle Chrëschtconcert an der Philharmonie

Live: Den traditionelle Chrëschtconcert an der Philharmonie

Lauschtert deen traditionelle Chrëschtconcert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker aus der Philharmonie. Wéi all Joer sti bekannte Chrëschtdagslidder fir matzesangen um Programm. Op der Bün sinn d’Lëtzebuerger Philharmoniker, de Choeur de Chambre an d’Pueri Cantores vum Stater Conservatoire ënner der Leedung vum Ivan Boumans an dem Pierre Nimax. 

Den Opus iwwerdréit de Concert den 19.12. um 19:30 Auer live aus der Philharmonie. Rediffuséiert gëtt en Hellegowend um 20 Auer an nolauschtere kann een en nach bis de 26.12. an der Mediathéik op www.opus.radio.

Programm:

  • Leroy Anderson (1908-1975): A Christmas Festival
  • Traditional: Les Anges dans nos campagnes, Arr. Ivan Boumans
  • Karl Victor Goldschmidt (1890-1941): E Wonnerstir (Aus dem Himmelssall), Arr. Christophe Mirkes
  • Leopold Mozart (1719-1787): Die musikalische Schlittenfahrt (Divertimento a Fa majeur), Arr. Philip Lane
  • Josef Gabriel Rheinberger (1839-1901): Erfüllung, aus "Der Stern von Bethlehem"
  • Traditional: Kling, Glöckchen, klingelingeling, Arr. Ivan Boumans
  • Traditional: Il est né, le divin enfant, Arr. Kerry Turner
  • Bob Chilcott (1955): Mid-Winter
  • Pierre Nimax senior (1939): Chrëschtnuecht
  • Traditional: Personent Hodie, Arr. John Rutter
  • Piotr Ilitch Tchaïkovski (1840-1893): Trépak - Danse russe aus dem Ballet “Der Nussknacker”, Arr. Ivan Boumans
  • Mykola Leontovych (1877-1921): Carol of the Bells, Arr. Barlow Bradford
  • Chrétien Clement (1895-1970): Am Uewe potert d’Feier, Arr. Christophe Mirkes
  • Felix Mendelssohn Bartholdy (1809-1847): Hark! The Herald Angels Sing, Arr. Ivan Boumans
  • Xaver Gruber (1787-1863): Stille Nacht, helleg Nuecht, Arr. Ivan Boumans

Interpreten:

  • Chœur de Chambre du Conservatoire de la Ville de Luxembourg
  • Pueri Cantores du Conservatoire de la Ville de Luxembourg
  • Lëtzebuerger Philharmoniker
  • Ivan Boumans, Direktioun
  • Pierre Nimax, Direktioun

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Orchestre de Chambre du Luxembourg live aus der Philharmonie

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg spillt Wierker vum Ravel a vum Hayden an interpretéiert eng Uropféierung vum Markus Brönnimann.

Live: Den traditionelle Chrëschtconcert an der Philharmonie

Um Programm: Chrëschtdagslidder fir matzesangen.

Beethoven 4 Live aus dem CAPE

D'Lëtzebuerger Philharmoniker spillen dem Beethoven seng 4. Sinfonie a säi 4. Pianosconcerto, esou wéi eng Uropféierung vun der Tatsiana Zelianko.
headphones

123 min

play_arrow

Musikalesch op de Mount Everest

“De Mount Everest”, seet de Geiist Frank Peter Zimmermann iwwert dem Ludwig van Beethoven säi Concerto a Ré Majeur.
90. Gebuertsdag vum Leopold Hager an der Philharmonie!

90. Gebuertsdag vum Leopold Hager an der Philharmonie!

De Leopold Hager, Éierendirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, trëtt zesumme mam Orchester an der Philharmonie op. Den Opus iwwerdréit de Concert live.

Eepesch Musek

Deen éischte Concert vun der neier Saison vun de Solistes Européens, Luxembourg, live um opus an um radio 100,7

Summerconcert live aus dem Mierscher Theater

Den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg (ONJ) ënner der Leedung vum Pit Brosius, zesumme mam däitschen Hornist Felix Klieser

Lëtzebuerger Philharmoniker live vun der Kinnekswiss

Erlieft de groussen Open-Air Summerconcert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker zesumme mat de Sängerinnen Joyce DiDonato an Chelsea Zurflüh.

Lëtzebuerger Artiste mam tschecheschen National Symphony Orchestra

9 topp Kënschtler:innen a Bands aus der Lëtzebuerger Musekszeen treffen op ee vun de beschten Orchesteren an Europa.

2 Uropféierungen mat 3 Lëtzebuerger

Marco Pütz, Philippe Schwartz a Pascal Schumacher: live aus der Philharmonie mat de Lëtzebuerger Philharmoniker

Live-Concert vu Saarbrécken

Mat der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrécken-Kaiserslautern, dem Mahler senger 7. Sinfonie an enger Uropféierung vum Roland Kunz sengem "Amber Concerto".

De Gustavo Gimeno seet Äddi!

Mat Bruckner a Lentz feiert de Gustavo Gimeno säin offiziellen Abschid als Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker.

Friddensvisiounen

Déi 7. Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie live um radio 100,7 an opus 100,7. Um Programm: Musek vum Benjamin Britten an Edward Elgar.

D'Finall vum internationale Klarinette-Concours 2025

Zesumme mam klenge Maarnicher Festival sicht Lëtzebuerg dës Joer nom beschten Nowuesstalent op der Klarinett. Dat beim Internationale Klarinette-Concours 2025.

International Classical Music Awards 2025

Den 100,7 ass net nëmme Jurysmember, mee mir iwwerdroen och déi grouss ICMA-Gala 2025 live den 19. Mäerz vun owes 8 Auer un. Ee vun de Solisten ass de Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof.
Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker LIVE | © Dieter Nagl

Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker LIVE

De Riccardo Muti dirigéiert dee renomméierten Orchester mat Wierker aus der Strauß-Dynastie an hiren Zäitgenossen.
Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker LIVE | © Dieter Nagl

Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker LIVE

De Riccardo Muti dirigéiert dee renomméierten Orchester mat Wierker aus der Strauß-Dynastie an hiren Zäitgenossen.

Concert LIVE

De Benjamin Kruithof an d'Lëtzebuerger Philharmoniker
headphones

121 min

play_arrow
Eng Vakanz op Roum mat de Lëtzebuerger Philharmoniker | © Kristaps Anskens

Eng Vakanz op Roum mat de Lëtzebuerger Philharmoniker

Ënner dem Motto “A Roman Holiday” spillen d’Lëtzebuerger Philharmoniker Deeler aus der réimescher Trilogie vum Ottorino Respighi, esou wéi d’Weltpremière vun “out of the blue” vum Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners