Deen éischte Lëtzebuerger Concerto fir Euphonium gouf vum Marco Pütz geschriwwen, an dat duerch eng Commande vun der Philharmonie. No der Pandemie a mëttlerweil och no der éischter Opnam vum Wierk, bréngt de Philippe Schwartz, fir deen de Concerto geschriwwe gouf, zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker déi éischt Live-Performance vun "Euphonia's Voice" op d'Bün. De Pascal Schumacher spillt d'Première vun engem amerikanesche Vibrafonsconcerto, dee vum New Yorker Museker Judd Greenstein komponéiert gouf. No deenen zwou Uropféierunge ronnen d'Lëtzebuerger Philharmoniker zesumme mam Pianist Inon Barnatan a mam Dirigent Teddy Abrams den Owend mam Leonard Bernstein senger zweeter Sinfonie of.
Duerch dësen Owend begleeden Iech de Christophe Mirkes vun opus 100,7 an d'Maria Gutierrez vun SR kultur.
Programm:
Marco Pütz (*1958): Concerto fir Euphonium an Orchester "Euphonia's Voice" (2019)
(Uropféierung, Commande vun der Lëtzebuerger Philharmonie)
Judd Greenstein (*1979): Concerto fir Vibrafon an Orchester "Watershed"
(Uropféierung, Commande vun der Lëtzebuerger Philharmonie, dem Dallas Symphony Orchestra an dem Württembergischen Kammerorchester Heilbronn)
Leonard Bernstein (1918-1990): Sinfonie Nr. 2 "The Age of Anxiety"
Interpreten:
Philippe Schwartz, Euphonium
Pascal Schumacher, Vibrafon
Inon Barnatan, Piano
Lëtzebuerger Philharmoniker
Teddy Abrams, Direktioun
D'Opnam vun dësem Concert ass disponibel bis den 20. Juni 2025.
D'Interviewe mam Philippe Schwartz, Marco Pütz, Pascal Schumacher an Judd Greenstein iwwer déi zwou Uropféierunge fannt Dir an der Mediathéik op www.opus.radio