An hirer 8. an domat leschter Matinée fir dës Saison presentéiert d'Deutsche Radio Philharmonie Saarbrécken-Kaiserslautern ee Concert, deen de radio an opus 100,7 zesumme mam SR kultur live iwwerdroen.
Musikalesch zitt et eis bei eng Uropféierung vum däitsche Komponist a Moderator Roland Kunz. "Amber Concerto" gouf dann och extra fir de Solist vum Concert, den Cellist Gustav Rivinius, geschriwwen.
Mee och dem Gustav Mahler seng 7. Sinfonie steet op der Affiche, bei där waarm Téin, Marschrhythmen an ongewéinlech Orchesterinstrumenter op eis waarden.
Lauschtert live an de Concert eran! Mat Live-Commentairë vu Gabi Szarvas (SR kultur) a Lex Kauffmann (opus 100,7)