Net just mat der 2. Symphonie vum Alexander Borodin - der sougenannter "Eepescher" - maachen d'Solistes Européens, Luxembourg mat groussem musikalesche Gest hir Saison op.
Net manner an dës Kategorie gehéieren d'Ouverture "Romeo a Julia" vum Pjotr Iljitsch Tschaikowski - d'Geschicht vun der onméiglecher Léift tëschent zwee jonke Mënschen - grad wéi déi populär Polowetzer Dänz aus dem Alexander Borodin senger Oper "Fürst Igor", eng Geschicht, déi am 12. Joerhonnert a Russland spillt.
All dës Wierker hunn och duerch hir besonnesch Kläng an Harmonien een heiansdo exotesche Parfum, deen eis a färe Géigenden an eng dacks verkläerte Vergaangenheet mathëlt.
Eng Grëtz exotesch, op alle Fall eepesch ass och dem Ludwig van Beethoven seng Fantaisie fir Piano, Chouer an Orchester. Dëse Virleefer vun der 9. Symphonie gouf 1808 an engem monumentale Concert opgeféiert, zesumme mat de Symphonien Nr. 5 a 6 an Extraiten aus der Mass an Do Majeur.
Musek vum Alexander Borodin, Pjotr Iljitsch Tschaikowski a Ludwig van Beethoven fir d'Ouverture vun der neier Saison vun de Solistes Européens, Luxembourg, an Dir kënnt live derbäi sinn - e Méindeg, 22.9.2025, vun 19.30 Auer um opus 100,7 a Radio 100,7.
Programm:
Pjotr Iljitsch Tschaikowski (1840-1893): Romeo a Julia, Ouverture
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Fantaisie fir Piano, Chouer an Orchester an Do Mineur Op. 80
Alexander Borodin (1833-1887): Symphonie Nr. 2 a Si Mineur, “Eepesch”
Alexander Borodin (1833-1887): Polowetzer Dänz aus der Oper “Le Prince Igor“
Interpreten:
Jean Muller, Piano
Maîtrise vun der Kathedral
Chorale Mixte vum Stater Conservatoire
Direktioun vun de Chéier: Marc Dostert
Solistes Européens, Luxembourg
Christoph König, Direktioun