arrow_back_ios

Klassik Live

100komma7.lu / Klassik Live

/ Musikalesch op de Mount Everest

Musikalesch op de Mount Everest

“De Mount Everest”, seet de Geiist Frank Peter Zimmermann iwwer dem Ludwig van Beethoven säi Concerto a Ré Majeur. A wéi een haart trainéiere muss, fir op den héchste Bierg ze klammen, esou muss ee sech och ëmmer nees mat dësem eenzege Geieconcerto vum Bonner Meeschter ausenanersetzen. Wéi de Frank Peter Zimmermann dat mécht, héiert Dir wärend dem Live-Concert mat der Deutschen Radiophilharmonie aus der Congresshalle zu Saarbrécken, deen den opus 100,7 zesumme mat dem SRKultur iwwerdréit.

Een anere Schwéierpunkt um Programm ass e Bléck zeréck an d'Renaissance an de Barock mat Wierker vun Dowland, Rameau a "Le tombeau de Couperin" vum Maurice Ravel.

Dëse Concert kann ee bis de 7. Dezember an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.


Programm:

John Dowland (1563-1626): Lachrimae antiquae, aus “Lachrimae or seven teares”

Ludwig van Beethoven (1770-1827): Concerto fir Gei a Ré Majeur, op.61

Jean-Philippe Rameau (1683-1764): "Dardanus" Suite

Maurice Ravel (1875-1937): Le tombeau de Couperin


Interpreten:

Frank Peter Zimmermann, Gei

Deutsche Radio Philharmonie

Josep Pons, Direktioun

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Orchestre de Chambre du Luxembourg live aus der Philharmonie

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg spillt Wierker vum Ravel a vum Hayden an interpretéiert eng Uropféierung vum Markus Brönnimann.

Live: Den traditionelle Chrëschtconcert an der Philharmonie

Um Programm: Chrëschtdagslidder fir matzesangen.

Beethoven 4 Live aus dem CAPE

D'Lëtzebuerger Philharmoniker spillen dem Beethoven seng 4. Sinfonie a säi 4. Pianosconcerto, esou wéi eng Uropféierung vun der Tatsiana Zelianko.
headphones

123 min

play_arrow

Musikalesch op de Mount Everest

“De Mount Everest”, seet de Geiist Frank Peter Zimmermann iwwert dem Ludwig van Beethoven säi Concerto a Ré Majeur.
90. Gebuertsdag vum Leopold Hager an der Philharmonie!

90. Gebuertsdag vum Leopold Hager an der Philharmonie!

De Leopold Hager, Éierendirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, trëtt zesumme mam Orchester an der Philharmonie op. Den Opus iwwerdréit de Concert live.

Eepesch Musek

Deen éischte Concert vun der neier Saison vun de Solistes Européens, Luxembourg, live um opus an um radio 100,7

Summerconcert live aus dem Mierscher Theater

Den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg (ONJ) ënner der Leedung vum Pit Brosius, zesumme mam däitschen Hornist Felix Klieser

Lëtzebuerger Philharmoniker live vun der Kinnekswiss

Erlieft de groussen Open-Air Summerconcert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker zesumme mat de Sängerinnen Joyce DiDonato an Chelsea Zurflüh.

Lëtzebuerger Artiste mam tschecheschen National Symphony Orchestra

9 topp Kënschtler:innen a Bands aus der Lëtzebuerger Musekszeen treffen op ee vun de beschten Orchesteren an Europa.

2 Uropféierungen mat 3 Lëtzebuerger

Marco Pütz, Philippe Schwartz a Pascal Schumacher: live aus der Philharmonie mat de Lëtzebuerger Philharmoniker

Live-Concert vu Saarbrécken

Mat der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrécken-Kaiserslautern, dem Mahler senger 7. Sinfonie an enger Uropféierung vum Roland Kunz sengem "Amber Concerto".

De Gustavo Gimeno seet Äddi!

Mat Bruckner a Lentz feiert de Gustavo Gimeno säin offiziellen Abschid als Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker.

Friddensvisiounen

Déi 7. Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie live um radio 100,7 an opus 100,7. Um Programm: Musek vum Benjamin Britten an Edward Elgar.

D'Finall vum internationale Klarinette-Concours 2025

Zesumme mam klenge Maarnicher Festival sicht Lëtzebuerg dës Joer nom beschten Nowuesstalent op der Klarinett. Dat beim Internationale Klarinette-Concours 2025.

International Classical Music Awards 2025

Den 100,7 ass net nëmme Jurysmember, mee mir iwwerdroen och déi grouss ICMA-Gala 2025 live den 19. Mäerz vun owes 8 Auer un. Ee vun de Solisten ass de Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof.
Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker LIVE | © Dieter Nagl

Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker LIVE

De Riccardo Muti dirigéiert dee renomméierten Orchester mat Wierker aus der Strauß-Dynastie an hiren Zäitgenossen.
Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker LIVE | © Dieter Nagl

Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker LIVE

De Riccardo Muti dirigéiert dee renomméierten Orchester mat Wierker aus der Strauß-Dynastie an hiren Zäitgenossen.

Concert LIVE

De Benjamin Kruithof an d'Lëtzebuerger Philharmoniker
headphones

121 min

play_arrow
Eng Vakanz op Roum mat de Lëtzebuerger Philharmoniker | © Kristaps Anskens

Eng Vakanz op Roum mat de Lëtzebuerger Philharmoniker

Ënner dem Motto “A Roman Holiday” spillen d’Lëtzebuerger Philharmoniker Deeler aus der réimescher Trilogie vum Ottorino Respighi, esou wéi d’Weltpremière vun “out of the blue” vum Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners