Migliosi & Maillet, Francis of Delirium, Oke, Jackie Moontan, Maz Univerze, Mutiny on the Bounty, Rome, Nosi a Schëppe Siwen.
Dës 9 Lëtzebuerger Artisten an Artistinnen trieden dëse Freideg um Open-Air-Concert op der Kinnekswiss an der Stad op.
Ënner dem Motto Kinnekswiss loves... spille si awer net wéi gewinnt an engem typesche Festival Set-up, mee ginn dobäi begleet vum Czech National Symphony Orchestra, engem vun de beschten Orchesteren an Europa. Dirigéiert gi si bei dësem Concert vum Lëtzebuerger Grammy Gewënner an Dirigent Gast Waltzing.
Dir wëllt dës Geleeënheet net verpassen? Da lauschtert live an de Concert eran. De Lex Kauffmann (opus 100,7) a Marc Clement (radio 100,7) féieren duerch ee Programm, deen Dir an där Form nach net héieren hutt.
Dëse Concert ass dann och bis den 11. Juli 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7 disponibel.
Interpreten
Daniel Migliosi a Jean-Jacques Mailliet
Francis of Delirium
Oke
Jackie Moontan
Mutiny on the Bounty
Rome
Nosi
Schëppe Siwen
Czech National Symphony Orchestra
Gast Waltzing, Dirigent