No 10 Joer un der Spëtzt vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, seet de Gustavo Gimeno an der Philharmonie Äddi. Vum Hierscht 2025 u gëtt hie musikaleschen Direkter vum Teatro Real zu Madrid.
Op sengem Abschiidsconcert dirigéiert de Spuenier den Orchester an der 6.Sinfonie vum Anton Bruckner an am Braatscheconcerto "Monh" vum Lëtzebuerger Komponist Georges Lentz. Mat dobäi op dësem feierlechen Ofschlossconcert ass d'Solistin Tabea Zimmermann.
De Gustavo Gimeno huet de Posten als Chefdirigent an artisteschen Direkter vun de Lëtzebuerger Philharmoniker mat sengem éischte Concert de 24. September 2015 ugetrueden. Markéiert war seng éischt Saison duerch d'Nummer 1: Hien hat deemools déi éischt Sinfonië vu Mahler, Schumann, Beethoven a Bruckner dirigéiert. Zënter deem hu méi wéi 200 Concerten a 14 Albe mat de Lëtzebuerger Philharmoniker seng Zäit als Chefdirigent begleet.
Wärend der Live-Iwwerdroung begleeden Iech de Guy Engels an de Christophe Mirkes vum opus 100,7 duerch den Owend.
Programm:
Georges Lentz (*1965): Concerto fir Braatsch, Orchester an Elektronik ("Monh")
Anton Bruckner (1824-1896): Sinfonie Nr.6 a La Majeur (WAB106)
Interpreten:
Tabea Zimmermann, Braatsch
Lëtzebuerger Philharmoniker
Gustavo Gimeno, Direktioun
D'Opnam vun dësem Concert ass nach bis den 30. Mee 2025 disponibel op www.opus.radio