Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  1999 WRITE THE FUTURE, Amaarae & Warren Hue - Cool Water For The Night

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Patrick Weiten

Mam President vum Conseil départemental de Moselle geet rieds iwwer de Choix vu Knauf, fir d'Steewollfabrick léiwer zu Illange wéi zu Suessem ze bauen.

Claude Turmes

E Gespréich mam (wahrscheinlech) neie Staatssekretär a Gira-Nofolger iwwer säi Wiessel vun der europäescher an déi national Politik.

Marco Schank

Wat hält d'CSV vum Modu 2.0, der Strategie vum Nohaltegkeetsminister Bausch fir d'Mobilitéits-Problemer an de Grëff ze kréien?

René Closter

Virun 30 Joer gouf d'Air Rescue gegrënnt. E Gespréich mam Grënner, CEO a Gesiicht vun der LAR iwwert dee laangen, net ëmmer einfache Wee, vun deemools bis haut.

Martina Holbach

Wat erwaarden d'ONGen vun der Plattform Votuim Klima vun der nächster Regierung a Saachen Klimaschutz an Energiepolitik?

Peter Schaar

Am Gespréich mam Dateschutzexpert geet et ëm dat neit europäescht Dateschutzreglement, dat haut um 25. Mee a Kraaft trëtt.

Fränk Arndt

Den LSAP Deputéierte Fränk Arndt verléisst d'Chamber fir sech als Wëltzer Buergermeeschter op d'Entwécklung vum Quartier "Wunne mat der Wooltz" ze konzentréieren.

Eric Rosin

Mam neien Direkter vum Fonds du Logement geet et ëm d'Erausfuerderunge vum Manktem u bezuelbarem Wunnraum an ëm d'Prioritéiten déi den Eric Rosin sech selwer gesat huet fir Rou a seng Verwal

Robert Scharfe

D'Lëtzebuerger Bourse feiert 90 Joer. Mat hirem Generaldirekter schwätze mir iwwert d'Geschicht an d'Zukunft vun dëser Institutioun.

Sasha Baillie

D'Promotiouns-Agence Luxinnovation huet zënter dem 1. Mee eng nei Directrice: d'Sasha Baillie ass de Moien Invitée um radio 100,7.

Marie-Claude Boulanger

D'Directrice vum Service central d'assistance sociale schwätzt iwwer déi verschiddenaarteg Missioune vum Service, dee si zënter 2016 leet.

Blanche Weber

D'Presidentin vum Mouvement écologique presentéiert d'Wahlfuerderung vun der Ëmwelt-ONG.

Stefan Kunzmann

D'Wochenzeitung Revue kënnt zanter Kuerzem an engem neie Layout eraus. Mam Chefredakter geet rieds iwwer d'editorial Linn a firwat elo de Moment war fir de Renouveau.

Claude Seywert

Mam zukünftege Generaldirekter vum Lëtzebuerger Energiekonzern Encevo schwätze mir iwwer d'Entwécklungen am nationalen an internationalen Energiemaart.

John Marshall

Iran, Brexit an transatlantesch Relatioune sinn Theme mam briteschen Ambassadeur vu Lëtzebuerg.

Simona Frankel

D'Ambassadrice vun Israel fir Lëtzebuerg an d'Belsch schwätzt iwwer d'Roll vun der israelescher Regierung an der internationaler Politik.

Taina Bofferding (LSAP)

D'Süddeputéiert schwätzt iwwer Sozialpolitik an d'Plaz vun de Fraen an der Politik.

Karin Schintgen

Den 1. Juni mécht d'House of Startups offiziell seng Dieren op. D'Karin Schintgen, CEO vun där Struktur, erkläert, wéi jonk Entrepreneuren do gehollef kréien.

Guy Hoffmann

Deen neie President vun der Banken-Associatioun ABBL schwätzt ë.a. iwwer d'Käschte vun der Regulatioun an de Stand vun de Kollektivvertragsverhandlungen.

Claude Steinmetz

Den Ex-Direkter vun der Luxlait geet fir d'CSV mat an d'Chamberwahlen. Wéi motivéiert de Manager de Sprong vun der Privatwirtschaft an d'Politik?