arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Marco Schank
"Et ass eng Illusioun ze mengen, dass d'Mobilitéits-Problemer just duerch ëmmer nei Infrastrukturen ze léise sinn." Dat war den Haaptmessage vum Nohaltegkeetsminister François Bausch gëscht bei der Presentatioun vum Modu 2.0. Gewëss hätt de Staat eng Roll ze spillen, mee och d'Gemengen, d'Entreprisen an déi eenzel Bierger hätten hier Responsabilitéit. Deelt d'CSV déi Analys? A wat hält si vun den eenzele Mesuren, déi an der Strategie proposéiert ginn? Den Deputéierte Marco Schank reagéiert am Gespréich mam Maurice Molitor.