arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Patrick Weiten
Knauf huet sech décidéiert - géint Suessem, wat hei am Land zu allerlee politeschen Diskussioune geféiert huet, a fir Illange, wat déisäit der franséischer Grenz fir grouss Freed suergt. Am Gespréich mam Maurice Molitor erkläert de Patrick Weiten, de President vum Conseil départemental de Moselle, wéi d'Verhandlunge mam däitsche Grupp verlaf sinn, an op wéi eng Aart a Weis et him (mat anere) gelongen ass, d'Entreprise Knauf derzou ze bréngen fir hir Steewollfabrick an där nach eideler Industriezon südlech vun Diddenuewen ze bauen.