Invité:e vum Dag
Claude Turmes
No bal 20 Joer an Europa, kënnt de Claude Turmes zréck op Lëtzebuerg. Zwar muss nach en ausseruerdentleche Kongress vun déi gréng den nächsten Dënschdeg senger Nominatioun als Staatssekretär a Gira-Nofolger zoustëmmen. Mee dat ass wuel just eng Formalitéit. Wéi gesäit de Claude Turmes déi nei Missioun, déi am Fong säin Debut an der nationaler Politik gëtt? Wat kann oder wëll hien nach an de puer leschte Méint vun der Legislaturperiod bewegen? A wat geschitt no de Wahlen? Doriwwer schwätzt de Maurice Molitor mam Nach-Europadeputéierten a Geschwënn-Regierungsmember.