arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
René Closter
D'Luxembourg Air Rescue (LAR) feiert 30 Joer. Et goung lass mat engem gelounten Helikopter, dee just huet däerfe Patiente vun engem Spidol an en anert transportéieren. Haut ass d'LAR eng richteg Airline, déi engersäits mat hieren Helikopteren SAMU-Asätz hei zu Lëtzebuerg flitt, déi mat hiren Ambulanz-Fligeren awer och weltwäit a verschiddenste Missiounen ënnerwee ass. De Maurice Molitor ënnerhält sech mam René Closter, dem Grënner, dem CEO an dem Gesiicht vun der Air Rescue.