Radioen

On air

Notturno  |  Brigid Mae Power - Counting Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Gregor Schusterschitz

Optakt vun de Brexit-Verhandlungen. Mat dobäi ass den éisträicheschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg als Vertrieder vun Éisträich am Aarbechtsgrupp vum EU-Conseil.

Bruno Theret & Stéphane Menant

Nom zweeten Tour vun de franséische Parlamentswalen diskutéieren d'Vertrieder vun den Oppositiounsparteien iwwert d'Wahlresultat.

Viviane Reding

D'Roamingkäschten an der EU sinn ofgeschaf. Ee Grond fir ze feieren? Mir froen d'Europadeputéiert, déi d'Iddi 2004 lancéiert huet.

François Koepp

Am Gespréich mam Generalsekretär vun der Horesca geet et ëm déi nei Online-Plattform fir d'Vermaartung vun den Hoteller am Mëllerdall.

Sandra Visscher

Direktesch vun Unicef Lëtzebuerg iwwert d'Resultater vun der Enquête vun Innocenti, dem Fuerschungszenter vun der UNICEF.

Marc Hengen

De President vum Direktiounscomité vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Assurancëgesellschaften schwätzt iwwert d'Geschäft mat de Versécherungen.

Carlo Bock

De Kriibsspezialist ass Member vun der nationaler Kontrollkommissioun, déi d'Applicatioun vum Gesetz iwwer d'Euthanasie iwwerwaacht.

Denis MacShane

No de Parlamentswahlen a Groussbritannien zéie mer de Bilan vun de Wahlen mam Denis MacShane, dee fir d'Labourpartei tëscht 2002 an 2005 an der Regierung vum Tony Blair Europaminister war.
François Bausch

François Bausch

Am Gespréich mam gréngen Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister geet et ëm déi däitsch PKW-Maut an déi europäesch Mobilitéitspolitik.

Alwin de Prins

Bei de Spiller vun de klenge Länner huet Lëtzebuerg eng Rekordzuel vun 38 Goldmedaile matbruecht. De Chef vun der Delegatioun zitt de Bilan.

Tess Burton

Mat der LSAP Deputéierter geet et ëm déi geplangte Reform vum Bail Commercial déi d'Intérête vu Propriétairen a Locataire soll ausgläichen. p.p1 {margin: 0.0px 0.0px 0.0px 0.0px; font: 11.

Nicolas Henckes

Mam Nicolas Henckes, néien Direkter vun der clc, schwätze mer iwwert säi néien Defi an d'Erausfuerderunge fir de Commerce a nächster Zäit.

Franz Fayot & Diane Adehm

Wéi wäit solle Bierger a Journalisten an Zukunft Zougank zu Informatiounen aus Institutiounen a Verwaltungen kréien? Dat diskutéiere mir mam Franz Fayot (LSAP) an der Diane Adehm (CSV).

Enrica Pianaro

D'Soziologin vum Informatiouns- a Berodungszenter CIGALE fir Schwuler a Lesben schwätzt iwwert Homophobie, Akzeptanz a Progrès duerch Gesetzer.
Philip Crowther

Philip Crowther

Ass den Donald Trump nach laang als amerikanesche President ze halen? Mir froen eisen USA-Korrespondent.

Georges Kraus (Sebes)

Staat a Sebes investéieren 166 Milliounen Euro fir 150.000 Kubikmeter Drénkwaasser den Dag. Den Direkter vum "Syndicat des eaux du barrage d'Esch-sur-Sûre" erkläert.

Pol Polfer

Wéi nohalteg ass d'Lëtzebuerger Klimapolitik? Eng Analys mam Vertrieder vum Klima-Bündnis Lëtzebuerg.

Frank Vansteenkiste

Den neie Programme directeur fir d'Landesplanung gëtt zesumme mat Bierger ausgeschafft. Dozou de Generalkoordinateur fir d'Landesplanung am Gespréich.

Jean Asselborn

Mam Ausseminister schwätze mir iwwert d'Relatioune vum US-President Donald Trump mat Russland an doriwwer, wat dat fir d'EU bedeit.

Irène Pissinger-Engelmann

Nordliicht TV bericht zënter 20 Joer aus dem Norde vum Land. Wat ass d'Zukunft vun dësem Regionalsender? Dat froe mir d'Chefredaktesch vu Nordliicht TV.