Radioen

On air

Popfilter  |  Sh'napan - Sneakers Groove

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Michel Nathan

De CHNP an d'Nordspidol solle bis 2020 fusionéieren. Den Zäitplang kéint enk ginn. De President vu Verwaltungsrot iwwert d'Hannergrënn.

Romain Hoffmann

Mam President vum Groupement Pétrolier geet rieds iwwer rezent Entwécklunge bei de Ventë vu Bensin, Diesel an anere Pëtrolsproduiten zu Lëtzebuerg.

Chris Philipps

E Gespréich mam Lëtzebuerger Fussball-Profi an -Nationalspiller iwwer d'Weltmeeschterschaft a Russland a säi Veräin Legia Warschau.

Christophe Hansen

Den CSV-Politiker Christophe Hansen iwwerhëlt Ufank September d'Mandat vun der Viviane Reding am Europaparlament.

Nora Back

Déi nei OGBL-Generalsekretärin kéint déi éischte Fra un der Spëtzt vum Onofhängege Gewerkschaftsbond ginn. E strategesche Choix aacht Méint virun de Sozialwahlen.
Paul Schroeder

Paul Schroeder

Mam Generaldirekter vum CGDIS diskutéiere mir iwwer d'Reform, d'Formatioun an dem Rekrutement vun de Rettungsdéngschter.
headphones

16 min

play_arrow
Pierre Bley

Pierre Bley

D'Oeuvre Nationale de Secours Grand-Duchesse Charlotte huet 2017 ronn 20 Milliounen Euro Hëllefen ausbezuelt: Mir schwätze mam President.
headphones

19 min

play_arrow
Tilly Metz

Tilly Metz

Zu Stroossbuerg trëtt dës Woch déi nei gréng Europadeputéiert d'Successioun vum Claude Turmes un.
headphones

19 min

play_arrow

Philippe Schrantz

Den 12. Juni huet d'Chamber d'Gesetz iwwert d'Policereform ugeholl. De Policegeneraldirekter gëtt Detailer zur Ëmsetzung dovun.
headphones

19 min

play_arrow

Charel Goerens

D'Asyldebatt an der EU an d'Sondagewäerter vun der Demokratescher Partei sinn d'Themen am Gespréich mam DP-Europadeputéierten.
headphones

16 min

play_arrow

Gilles Evrard

Kollaps an der Ausbildung vun de Gesondheetsberuffer, warnt de President vun der Associatioun vun den Enseignante fir d'Gesondheetsberuffer (ALEPS)

Melanie Wagner

D'Soziolinguistin fir Lëtzebuergesch op der Uni schwätzt iwwer de Gesetzesprojet iwwer d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, deen haut an der Chamber zum Vott steet.

Philippe Manenti

Wat fir eng Plaz fir d'Frontalieren zu Lëtzebuerg? Dozou de President vum Comité de défense et d'initiatives des frontaliers au Luxembourg.

Lydia Mutsch

Mat der Gesondheetsministerin geet Rieds zu den Aktualitéitssujeten: Urgencen, Cannabis, IRM'en a Gesondheetspreventioun.

Luc Heuschling

No der Presentatioun vum neie Constitutiounstext: d'Analys an Appreciatioun vum Verfassungs-Expert vun der Uni Lëtzebuerg.

Richard Karacian

Mam Generaldirekter vu Maison Moderne geet rieds iwwer d'Ausriichtung vum Verlagshaus an de Lëtzebuerger Mediemaart.

Jean-Paul Olinger

Den aktuelle Generalsekretär a zukünftegen Direkter vun der UEL iwwer d'Fuerderunge vun der Patronatsorganisatioun am Virfeld vun de Wahlen.

Tom Wirion

D'Politik misst d'Handwierk méi stäerken, fuerdert d'Handwierkerkummer. Hiren Direkter presentéiert am Virfeld vun de Wahlen d'Fuerderunge vum Secteur.

Marc Fischbach

Mam President vun der COPAS, dem Daachverband vun den Hëllefs- a Fleegedéngschter, geet ë. a. rieds iwwer de Sozialkonflikt am Secteur.

Anne-Catherine Guio

Zu Lëtzebuerg läit den Taux vum Aarmutsrisiko bei monoparentalle Famille bei 45 Prozent. Erklärunge mat der Fuerscherin beim Fuerschungsinstitut LISER.