arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Romain Hoffmann
De Pëtrol mécht nach ëmmer ronn zwee Drëttel vum Energiekonsum vu Lëtzebuerg aus. An d'Pëtrolsventen, inklusiv Bensin an Diesel, sinn zejoert zu Lëtzebuerg eng éischte Kéier zanter véier Joer nees geklommen - ëm 4,9 Prozent am Verglach mam Joer virdrun. Mam President vum Groupement Pétrolier geet rieds iwwer déi rezent Entwécklunge bei de Ventë vu Bensin, Diesel an anere Pëtrolsproduiten hei am Land. De Pierre Reyland féiert duerch d'Gespréich.