Invité:e vum Dag
Chris Philipps
Zanter engem hallwe Joer spillt de Lëtzebuerger Fussball-Profi an -Nationalspiller Chris Philipps a Polen. Am Wanter ass hie vum FC Metz, wou hie sech ni richteg imposéiere konnt, bei Legia Warschau gewiesselt. Den Transfert huet sech gelount: de Chris Philipps ass séier Titulaire an der Equipe ginn an huet mat sengem neie Veräin direkt den Doublé Coupe-Championnat gewonnen. Am Gespréich mam Maurice Molitor schwätzt hien iwwer seng éischt Méint a Polen a seng weider Ambitioune mat Legia Warschau. Hie kommentéiert awer och de Verlaf vun der Fussball-Weltmeeschterschaft a Russland.