Invité:e vum Dag
Marc Fischbach
Ass den zéngten Dag vum Sozialkonflikt am Fleegesecteur dee leschten? Haut wäert de Sozialminister Romain Schneider dem Regierungsrot eng Rei Léisungsvirschléi presentéieren, iwwer déi hie virgëscht mat der COPAS - dem Daachverband vun de Hëllefs- a Fleegedéngschter diskutéiert huet. Et geet drëm en Auswee aus där ablécklecher Situatioun ze fannen, déi jo dohier kënnt, datt an eenzelen Haiser Leit mat ënnerschiddleche Kontrakter schaffen, déi ënner verschidde Kollektivverträg falen. Eng verwuerelt Situatioun, iwwer déi de Maurice Molitor sech mam COPAS-President Marc Fischbach ënnerhält.