Invité:e vum Dag
Pierre Bley
19 min
Soziales, Ëmwelt, Kultur a Sport: dat sinn déi Beräicher, déi d'Oeuvre Nationale de Secours Grand-Duchesse Charlotte finanziell ënnerstëtzt.
D'Oeuvre ass een Etablissement public a steet ënner der Tutelle vum Premier-Minister. Eng vun hire Missiounen ass d'Gestioun vun der National-Lotterie, déi hirersäits d'Sue bréngt, fir déi finanziell Ënnerstëtzung an deene verschiddene Beräicher.
De Serge Kesseler ënnerhält sech mam Pierre Bley, dem President vun der Oeuvre Nationale de Secours Grand-Duchesse Charlotte.