Radioen

On air

9 bis 1  |  Kevin Morby - Gift Horse

play_arrow Live
arrow_back_ios

Gewierzer aus aller Welt

search / Gewierzer aus aller Welt

/ Ingwer, Ingwer, Gingembre

Ingwer, Ingwer, Gingembre

headphones

5 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Ingwer kënnt warscheinlech aus Indien a war am 9. Joerhonnert eng Zäit en alldeeglecht Gewierz an Europa. Duerch den Erfolleg vun der asiatescher Kiche gouf en erëm nei entdeckt.
Ingwer enthält 2-3 Prozent essenziell Uelegen, déi den Immunsystem boosten. Si hunn antioxydativ an entzündungshemmend Eegenschaften a reegen d’Verdauung un. Ingwer ass speziell wierksam bei Iwwelzegkeet, besonnesch wärend der Schwangerschaft no enger Chimiotherapie oder bei Reeskrankheeten.
Frëschen Ingwer bilt zesumme mat Knuewelek a Chili eng Symbios vun Aromastoffer, déi d’Basisnoute vun der indescher a chineesescher Kichen ausmaachen. An engem Wok passt Ingwer gutt zu Sojasprossen, Champignonen an Zockerierbessen.
D’Ernärungsberoderin Lis Muller huet gesicht, gericht a geschmaacht an huet e puer wäertvoll Rotschléi zesummegefaasst, wéi Wantergewierzer eist allgemengt Wuelbefanne verbesseren a wéi eng Geschmaachskombinatioune sech ubidden.

Klengen Tipp:
Adrak Chai: Frësch gerappten Ingwer am Waasser 10 Minutten opkachen, duerno eraussiwten an e bësschen Hunneg a frëschen Zitrounejus derbäi maachen.

Referencen:
https://www.comptoir-des-epices.com
Aggarwal, B. B. (2023). Heilende Gewürze. Narayana Verlag
Farrimond, S. (2018). Gewürze - Aromen kombinieren, kochen, perfektionieren. DK Penguin Random House
Vierich T, V. T. (2017). Aroma die Kunst des Würzens. Stiftung Warentest
Vierich T., V. T. (2020). Aroma essenziell. Stiftung Warentest
Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. (2021). Vun Dréischel bis Kréischel - 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss. ZLS a SCRIPT

mic_none

Presentéiert vum

Episoden