Gewierzer aus aller Welt
Stärenanäis, Sternanis, Anis étoilé
5 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/248330/image-thumb__248330__base_thumbnail/Sternanise.ea80b54f.jpg)
Stärenanäis kënnt ursprünglech aus Südchina a Vietnam. En enthält Anethol, dee krämp- a schläimléisend wierkt an dofir bei Erkältungskrankheete wierksam ass.
Deen intensive lakritzaartegen Aroma ass net am Som, mee an den holzege Fruuchtwänn agebonnen. Dofir bleift den Aroma och bei laangem Kachen erhalen.
Ënner reng gemuelener Form fanne mir en als Bestanddeel vun der beléifter chineesescher 5 Gewierzermëschung. Hei bilde Stärenanäis, Kanéil, Fenchel, Neelcheskäpp a Seschuanpeffer en harmonesch ofgeronnte Gewierzprofil, dee fir den Ausgläich tëschent Yin a Yang steet.
An der chineesescher Kultur soll de Stärenanäis Gléck bréngen, a besonnesch vill Gléck, wann de Stärenanäis méi wéi déi üblech 8 Äerm huet. Et ass also derwäert es genuch am Haus ze hunn.
D’Ernärungsberoderin Lis Muller huet gesicht, gericht a geschmaacht an huet e puer wäertvoll Rotschléi zesummegefaasst, wéi Wantergewierzer eist allgemengt Wuelbefanne verbesseren a wéi eng Geschmaachskombinatioune sech ubidden.
Klengen Tipp:
Pho ass eng vietnameesesch Rëndfleeschbritt. Si kritt hire charakteristeschen aromatesche Geschmaach duerch de Stärenanäis, verbonne mat schwaarzem Kardamom, Neelcheskäpp, Kanéil an Ingwer an ass e reegelrechte Montermacher.
Referencen:
https://www.comptoir-des-epices.com
Aggarwal, B. B. (2023). Heilende Gewürze. Narayana Verlag
Farrimond, S. (2018). Gewürze - Aromen kombinieren, kochen, perfektionieren. DK Penguin Random House
Vierich T, V. T. (2017). Aroma die Kunst des Würzens. Stiftung Warentest
Vierich T., V. T. (2020). Aroma essenziell. Stiftung Warentest
Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. (2021). Vun Dréischel bis Kréischel 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss. ZLS a SCRIPT
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
![Ingwer, Ingwer, Gingembre](/1_Foto/100komma7.lu/248336/image-thumb__248336__base_thumbnail/Ingwer.f7eadf8d.jpg)
Ingwer, Ingwer, Gingembre
Eng Wuerzel mat erstaunlechen Eegenschaften
![Neelcheskapp, Gewürznelke, Clou de girofle](/1_Foto/100komma7.lu/248342/image-thumb__248342__base_thumbnail/Neelchesk%C3%A4pp.ae6456ba.jpg)
Neelcheskapp, Gewürznelke, Clou de girofle
E Wantergewierz, dat am beschten zesumme mat anere Gewierzer harmonéiert.
![Stärenanäis, Sternanis, Anis étoilé](/1_Foto/100komma7.lu/248330/image-thumb__248330__base_thumbnail/Sternanise.ea80b54f.jpg)
Stärenanäis, Sternanis, Anis étoilé
E Glécksbrénger, deen net nëmmen dekorativ ass.
![Muskot, Muskat, Muscade](/1_Foto/100komma7.lu/248339/image-thumb__248339__base_thumbnail/Muskatnoss.2a5162b1.jpg)
Muskot, Muskat, Muscade
Duerch d‘Erhëtze verléiert d’Muskotnoss séier den Aroma. Duerfir léiwer frësch, als Noss direkt éier een zerwéiert iwwert d’Iesse reiwen.
![Kardamom, Kardamom, Cardamome](/1_Foto/100komma7.lu/248333/image-thumb__248333__base_thumbnail/Kardamon.fee93f66.jpg)
Kardamom, Kardamom, Cardamome
Kardamom op gréng oder schwaarz an ass ëmmer en Highlight an der asiatescher Kichen
![Vanill, Vanille, Vanille](/1_Foto/100komma7.lu/248324/image-thumb__248324__base_thumbnail/Vanill.2d927b85.jpg)
Vanill, Vanille, Vanille
D'Kinnigin vun de Gewierzer, déi fir gutt Laun suergt.
![Kanéil Cannelle, Zimt](/1_Foto/100komma7.lu/248327/image-thumb__248327__base_thumbnail/Kan%C3%A9il.13d4be7a.jpg)